
© Eldoradio / Freepik
Dëse Méindeg ass Vältesdag an Eldoradio huet eppes Zockerséisses preparéiert...
Zesumme mat der Bäckerei Jos & Jean-Marie si lecker Eldo-Häerzien entstan.
Eis Animateure waren natierlech bedeelegt an hu kräfteg mat ugepaakt.
Wéini a wou kënnt dir äert Eldo-Häerzi ergatteren?
D’Eldo-Häerzie kritt dir vun elo u bis Méindes de 14.2. an de Jos & Jean-Marie Bäckereien uechter d’Land ze kafen.
Matspillen a gewannen
Natierlech kënnt dir d'Eldo-Häerzien och gewannen.
Mellt iech einfach u per SMS mam Stéchwuert «Häerzi» op de 62456 (50 cts./Message) a mat e bësse Chance gitt dir vun eis zeréckgeruff a gewannt en Eldo-Häerzi ♥
Eng weider Chance gëtt et online. Schreift iech einfach hei an a villäicht gewannt dir en Eldo Häerzi.