D’Examen sinn geschriwwen an den Diplom an der Täsch, lo mengen vill Jonker si missten direkt studéieren goen. Dat muss awer net sinn.

Wann d’Schoulzäit zu engem Enn kënnt, stellt een sech ëmmer méi oft d’Fro, wat een da lo als nächst maache soll. Net onbedéngt ass direkt op d’Uni studéiere goen déi richteg Entscheedung fir jiddereen. Wat et nach fir aner Méiglechkeete ginn, hu mir iech eng Kéier zesummegefaasst.

Een Auslandsopenthalt ass eng gutt Geleeënheet fir d’Welt ze entdecken an nei Erfarungen ze sammelen. Dobäi ginn et verschidde Varianten, wéi een ee Gap Year kann ausserhalb verbréngen. Bei engem Fräiwëllege Projet matmaachen ass zum Beispill eng Méiglechkeet, fir op verschidde Plazen op der Welt ze reesen an dobäi a verschiddene Secteuren ze hëllefen. Wien awer léiwer wärend där Zäit och nach Suen dobäi verdéngt, fir dee wär ee Work and Travel eppes. Dobäi kann een duerch d’ganz Welt reesen a mat klengen Aarbechten seng Sue verdéngen. Eng aner Méiglechkeet wier och nach als Au-pair ze schaffen, woubäi een nach vill méi an d’Kultur vun deem neie Land integréiert gëtt.

Mee och hei am Land ginn et verschidden Aarten, d’Zäit no der Première ze notzen. Zum Beispill kann een och hei ee Fräiwëllege Projet maachen. Eng aner Optioun wier ee Stage, bei deem een d’Geleeënheet huet, fir schonn een Abléck an d’Beruffswelt ze kréien an eventuell och sou op eng Iddi ze kommen, wat ee spéider am Liewe maache wëll.

Wien sech lo nach weider informéiere wëll, kann um Site vum SNJ laanscht kucken. Do gëtt erkläert, wat genau et vu Possibilitéite gëtt a wéi een sech umelle kann. Fir méi genau Informatiounen zu engem Benevolat ze kréie kann een op Guichet.lu goen, wou een och déi generell Konditiounen dozou fënnt, oder och bei der Maison de l’orientation.

Wéi ee gesäit, ginn et no der Première nach vill aner Possibilitéiten ausser studéieren, bei deenen ee flott Erfarunge sammele kann. Do ass fir jiddereen eppes dobäi.