Vum 18. bis 20. September ass nees eng Tripartite zu Lëtzebuerg fir Léisungen géint déi héich Inflatioun ze fannen. Mee wat ass iwwerhaapt eng Tripartite?

D’Tripartite ass e lëtzebuergesche soziale Modell. Dëse baséiert sech op en Echange tëscht der Regierung, dem Patronat an de Gewerkschaften. Meeschtens bezitt sech dëse Modell op wichteg ekonomesch a sozial Froen déi grad an der Gesellschaft aktuell sinn. D’Zil ass et hei dann e Konsens ze fannen.

Dësen typesch lëtzebuergesche Modell gouf an de 70er Joren agefouert. Dëst wéi déi schro Kris vun der Stolindustrie stattfonnt huet. Hei gouf et reelle Risiko fir d’Gesellschaft massiv ze perturbéieren.

Den "Comité de coordination tripartite" gouf kreéiert wéinst der Verschlëmmerung vun der ekonomescher a sozialer Situatioun. 1979 gouf en éischten Accord no enger Tripartite fonnt.

An deene leschte Joerzéngte gouf et ëmmer méi normal Tripartitten anzeberuffen. Meeschtens hunn d’Regierung an déi sozial Partner et fäerdeg bruecht sech op e Kompromëss ze eenege fir Salariéeën an Entreprisen z’ënnerstëtzen.