Mat puer klengen Änerungen ka jiddereen méi nohalteg liewen.

De Klimawandel ass een Thema dat an dene leschte Joren immens wichteg ginn ass. Leider ass villen net bewosst wéi ee groussen Impakt dat Ganzt op eis Zukunft huet. Dat heescht awer net, dass ee lo alles stoen a leie soll loosse fir Aktivist ze ginn. Baby steps sinn och schonn eng Léisung fir ee méi nohaltegt d’Liewen.

Déi nächste Kéier beim Akafen, kéint een op eng Stofftut zréckgräifen an sou vill wéi méiglech op Plastiksverpackunge verzichten. Genau dat selwecht gëllt fir den «Einweg Plastik». Sou kann een sech eng stylech Bottle zouleeën, déi een dann och ëmmer rëm nei opfëlle kann.

Wann et do drëm geet wat een deeglech op sengem Teller leien huet, muss een sech lo net onbedéngt de Luxus erlaben, fir nëmme Fleesch oder Fësch ze iessen. A wann et wierklech net ouni geet, ass et am Beschte Lokales ze konsuméieren.

Nom Iessen ass et ze Schued direkt all d’Reschter wech ze geheien, wann ee se kéint an engem Dëppche versuergen, fir den Dag dono nach eng Kéier säin Iesse genéissen ze kënnen. Ausserdeem spuert een sou och immens vill Zäit.

D’Waasser ass och eppes wat séier onbewosst verschwent gëtt. Sou entspanend wéi et och kléngt, ass eng wöchentlech Bidden absolut net nohalteg. Besser ass et fir méi ze duschen a manner bueden. Een den extra spuersam mam Waasser wëll sinn, ka säi Partner mat an d’Dusch huelen.

Wat warscheinlech vill Leit net realiséieren ass, dass et an der Moud och immens wichteg ass op d’Nohaltegkeet opzepassen. Hei heescht et Fast Fashion vermeiden. Et ass net dramatesch net all Fashion Trend nozelafen. Besser ass et d’Alternative ze wielen an sech zäitlos Kleeder ze kafen oder Second Hand.

Lauschtert hei d'Reportage