Fir déi 19t Editioun vun de Rocklab Pop-Up Sessions hunn sech d'Organisateure rëm eng ganz speziell Location erausgesicht.

Lauschtert hei de ganze Reportage

De lëtzebuergesche Museker a Komponist Pascal Schumacher huet scho ganz fréi am Kanneralter ugefaange Perkussioun ze spillen an ze léieren.

Nodeems hien am Conservatoire an der Staat seng Etudë gemaach huet, huet hien ënner anerem zu Stroossbuerg, Bréissel an Den Haag studéiert, wou hien dann och säi Master gemaach huet.

Seng Musek huet Influenzen aus der Jazz Musek, wéi zum Beispill mat Improvisatiounen awer och vill aus der klassescher Musek oder och mat elektroneschen Elementer.

Am Joer 2004 huet de Museker dann och säin éischten Album "Change Of The Moon" released. Säin aktuellen Album "LUNA" huet hien elo am Joer 2022 released. Et ass deen zweeten Album deen de Museker als Solo-Projet released huet.

Och dëse Mount huet de Rocklab sech rëm fir hir Rocklab Pop Up Sessions eng ganz speziell Location erausgesicht, op der een eigentlech lo net sou dacks kann hikommen. Dës Kéier gouf d’Session am High Secuity Hub um Sennengerbierg gefilmt. Dëst ass ee geschützte Safe, wou een Artikele vun immensem Wäert kann hannerleeën.

Bei dëser Rocklab Pop Up Session huet de Pascal Schumacher da 4 Lidder presentéiert dovunner zwee vu sengem aktuellen Album "LUNA". De Virdeel vum Museker senger Museker ass, dass d’Lidder ni d’selwecht gespillt sinn, vue dass hien immens vill mat Improvisatioun schafft.

An Zukunft wäert de Pascal Schumacher dann awer och international eng Rei Concerte spille wou hien dann och säin neien Album wäert virstellen. Nei Museker wäert et warscheinlech da réischt am Joer 2024 gi vue dass de Museker am Schnëtt all zwee Joer een neien Album produzéiert.