Egal ob kulinaresch, fantastesch oder literaresch – Mat dëser Lëscht kënnt der an enger aner Welt andauchen!

 Aus der Kategorie: National

"Bluttsëffer" & "Ouereschlëffer" - Jemp Schuster

"Bluttsëffer" ass den éischte Band vun enger Familjesaga, geschriwwe vum Jemp Schuster an erauskomm 2020. Am Mëttelpunkt stinn hei d’Fraen, déi an där patriarchalescher, konservativer Gesellschaft, an där d'Geschicht spillt, net vill ze soen hunn, obwuel et si sinn, déi alles um Rullen halen. Mat Ouereschlëffer ass 2021 dunn den 2. Band vun der Rei erauskomm, dee sech ëm den Ënnergank vun enger Duerfkultur dréint. E Must Read fir d’Fans vum Lëtzebuerger Schrëftsteller an historesche Romaner.

"Ketty Thull – Heimatgefühle" - Carlo Sauber

Dëst Buch ass villäicht kee klassesche "must read", ma et ass e Wierk, dat ee sollt doheem hu wann een de Goût vu Lëtzebuerg wëll (er)liewen. Mat dësem Buch entdeckt een net just déi verschiddenste Regioune vun eisem Ländchen, et mécht ee virun allem eng kulinaresch Rees a kann déi beléiftste Ketty Thull-Klassiker wéi Gromperekichelcher, Choucroute a Schuedi genéissen. Ma dann: E gudden Appetit an häerzlech wëllkomm am Grand-Duché!

"Guide Zoom Minette" - Am Kader vun Esch2022

Fir ze reese geet et heiansdo duer e Buch opzeschloen a schonn ass een a Gedanken anzwousch anescht. Mat dësem Guide ass souguer béides méiglech: Duerchbliederen a sech mat Hëllef vun de verschiddenste Fotoe fort dreemen, genee esou wéi Geheimtippen an Anekdoten opsaugen a mat dësen am Gepäck drop lass ze wanderen. Wie sech dëse Reesguide uschaaft, entdeckt egal wéi eng Regioun, déi vu Charme, Kultur an Natur spreet.

"Dem Stinki seng Oueren" - Develter Lydie

E Buch fir déi Kleng, mat engem grousse Message an dowéinst gehéiert d’Buch "Dem Stinki seng Oueren" geschriwwen a gezeechent vum Lydie Develter, definitiv op eis Lëscht, egal wéi al dir sidd! Eng spannend Geschicht iwwer d’Aneschterssinn, a firwat dat zimmlech cool ka sinn.

Lauschtert hei den 1. Deel vum Reportage

Aus der Kategorie: International

"The Midnight Library" – Haig Matt

Stellt iech vir um Wee an d’Jenseits géif et eng riseg Bibliothéik ginn, déi mat all de Liewe gefëllt ass, déi een hätt kënne liewen. Buch fir Buch gefëllt mat Weeër, déi een hätt kënne goen, awer net gaangen ass. Genee dorëms geet et am Buch "The Midnight Library" vum Haig Matt, deen e Gedanken, dee mer alleguer kennen a mat eis ronderëm droen, zu engem Roman gemaach huet. Wie scho mol Entscheedunge bereit huet a Loscht op e gedanklech-philosophescht Experiment huet, fir deen ass dëst Wierk en absolutte "must read"! Ënnerhalsam a gläichzäiteg immens déifgrënneg a clever geschriwwen.

"Les choses que nous avons vue" – Bervoets Hanna

Stellt iech vir dir misst iech Dag fir Dag mat deem Schlëmmsten aus social media ausernaner setzen. Vu grujelege Videoen, bis netubruechte Fotoen, Verschwierungstheorien oder Haass-Kommentaren. Genee dëst ass den Job vum Kayleigh, Haaptcharakter am Buch "Les choses que nous avons vue" vun der hollännescher Schrëftstellerin Hanna Bervoets. Eng Geschicht, déi sech mat toxeschem Internet-Contenu ausernee setzt an eis dozou bréngt ze hannerfroen: "Wat geet ze wäit a wien huet dat ze decidéieren".

"Lost Boy: All children grow up except one…” – Henry Christina

Et gëtt déi Versioun vum Peter Pan, déi jidderee kennt an da gëtt et d’Wourecht. Dat versprécht op alle Fall d’Buch "Lost Boy: All children grow up except one…” vum Christina Henry, dat en anert, méi däischtert Bild vun der beléifter Kannergeschicht moolt. Eng Geschicht, déi een dozou bréngt de Peter Pan a Captain Hook ni méi mat de selwechten An ze gesinn.

"Das Café am Rande der Welt" – Strelecky John

"Firwat bass de hei ? ", "Hues de Angscht virum Dout? " a "Féiers du en erfëllte Liewen ? ", dat sinn déi 3 Froen, déi de Personnage John am Buch "Das Café am Rande der Welt" dozou bréngen op eng Rees ze goen. Eng Rees zu sengem eegenen Ech an nom Sënn vum Liewen. Mat vill Humor an Emotioune bréngt den Auteur et fäerdeg, dass d’Lieser dëst Buch esou séier net vergiessen, och wann et scho fäerdeg gelies ass.

"Four Walls – Nur ein einziger Ausweg" – McGeorge Chris

Fans vu spannenden Thriller sollte sech dëse Roman op hir Lëscht opschreiwen. Hei geet et ëm d’Cara Lockhart, dat onschëlleg an enger Zell vun engem High-Tech-Prisong sëtzt, an deem dann och nach e Mordfall geschitt. Den Auteur ass e Meeschter dora Lieser op déi falsch Spuer ze lenken an esou freet ee sech op ee Mol net just "wiem kann d’Cara trauen?" mee och "wiem kann ech hei eigentlech gleewen?".

Lauschtert hei den 2. Deel vum Reportage

Nach méi Bicher-Tipps a "must reads" fannt dir hei.