E Gauner am anticke Griicheland war bei sengem Bedruchs-Versuch erdronk an Ugangs vum 20. gouf den Eiffeltuerm verkaf.

Falsch Instagram- oder Facebook-Profiller si mëttlerweil jo un der Dagesuerdnung. Wann een Affer vun esou engem Bedruch gëtt ass dat natierlech iergerlech. Ma dir kënnt Iech tréischten. Bedruchs-Fäll si quasi esou al ewéi d’Mënschheet. Verschiddener hu funktionéiert anerer net. Hei en Iwwerbléck vun deene Bedruchs-Fäll.

Deen éischten dokumentéierte Bedruchs-Fall an der Mënschheetsgeschicht gouf et am Joer 300 viru Christus. De griicheschen Händler Hegestratos hat säi Schëff an d’Wueren, déi hien angeeblech mat dësem transportéiere wollt, verséchert. Hien hat allerdéngs de Plang, säi Schëff eidel ënnergoen ze loossen an d’Wueren trotzdeem ze verkafen. Esou wollt hien esouwuel bei der Versécherung, ewéi och beim Verkaf vun de Wueren, Sue maachen.

Dee Plang war allerdéngs no hanne lass gaangen. Hei gouf nämlech vu senger eegener Crew dobäi erwëscht, wéi hie säi Schëff versenke wollt. Doropshi gouf hie vum Schëff geheit a war am Hafen erdronk.

Deen éischte falsche Prënz gouf et da schonn am Joer 1821. An zwar a Schottland. De schottesche Generol Gregor McGregor hat uginn, dass hien eegenhänneg eng Insel eruewert hätt an, dass hien elo iwwert dës herrsche géif. Deementspriechend huet hien de Leit dann och Terrainen op dëser Insel verkaf an hinnen esouguer ugebueden, hir brittesch Pond, géint d’Wärung, déi op senger erfonnter Insel genotzt géif ginn, anzetauschen.

De Mann mam wuel gréisste Culot an der Mënschheetsgeschicht lauschtert dann op den Numm Victor Lustig. Dësem war et am Joer 1925 nämlech gelongen de Paräisser Eiffeltuerm ze verkafen. Dofir hat hie sech mat Hëllef vu gefälschten Dokumenter als stellvertriedenden Direkter vun der franséischer Post ausginn. Als falsche Beamten huet hien da géigeniwwer enger Partie Paräisser Schrotthändler behaapt, dass den Eiffeltuerm ofgerappt géif ginn an, dass d’Stad Paräis ee siche géif, deen de Metall kafe wéilt. Him war et och tatsächlech gelongen, e Keefer ze fannen. Dësen hat dem Lustig 1 Millioun franséisch Frang  bezuelt. Ma domat net genuch, nodeems de Bedruch opgeflu war, hat d’Affer sech esou därmoosse geschummt, dass dëst mol keng Plainte gemaach hat. De Lustig konnt also alleguer d’Sue behalen.

Doropshi wollt de Gauner de Bedruch e Mount méi spéit widderhuelen. Allerdéngs hat säin zweet potentiellt Affer d’Police alarméiert. De Lustig huet doropshi missen an d’USA flüchten.

Lauschtert hei bis eran!