Ugefaangen hat alles mat Aarbechten un engem Gaardenhaischen. Ma um Enn steet d'Demissioun vun enger Ministesch.

D'Carole Dieschbourg huet e Freideg am spéide Moien als Ëmweltministesch demissionéiert. Dat am Kader vun der sougenannter "Affär Gaardenhaischen".

Wourëms geet et an der "Affär Gaardenhaischen"?

Hiren Ufank hat dës Affär am Oktober 2018 geholl. De gréngen Déifferdenger Deputé-Maire Roberto Traversini hat deemools e Gaardenhaische geierft, dat an enger "Zone Verte" stoung. Ma am Juli 2019 hat dunn den Noriichteportal Reporter opgedeckt, dass d’Parzell, an deem dëst Gaardenhaische steet, aus der "Zone Verte" erausgeholl gouf. Dëst obwuel, d’Parzelle ronderëm an der "Zone Verte" bliwwe sinn.

Esou richteg an d'Rulle koum d'Affär dunn am September 2019. Dat nodeems de Roberto Traversini eng Fro, déi de Gary Diderich vun "déi Lénk" him am Déifferdenger Gemengerot gestallt hat, nëmmen ënner Ausschloss vun der Ëffentlechkeet beäntwere wollt. Doropshin hat d'Oppositioun net méi labber gelooss an den 11. September stoungen eng Partie Virwërf géint de Roberto Traversini am Raum: Hien hätt sech duerch d’Ëmklasséierung ënner anerem perséinlech Virdeeler verschaaft. Ausserdeem hätt hien ouni Autorisatioun Aarbechten an enger Naturschutzzon duerchféiere gelooss. Déi entspriechend Autorisatioune soll hien eréischt nodréiglech vum Ëmweltministère kritt hunn.

Firwat ass d'Carole Dieschbourg zeréckgetrueden?

Bei dësen Autorisatioune vum Ëmweltministère kënnt dann d’Carole Dieschbourg an d’Spill.  D’Oppositioun hat hir reprochéiert, dass si hire Parteikolleeg an dëser Affär bevirdeelegt hätt. Hire Ministère soll him nodréiglech déi néideg Autorisatiounen ausgestallt hunn. D’Carole Dieschbourg hat deemools gesot, dass am Ministère alleguer déi richteg Demarche respektéiert gi wieren. Et wier un der Justiz ze iwwerpréiwen, ob dat de Fall gewiescht wier, oder ob et zu strofrechtlech relevanten Infraktioune komm wier.

D'Carole Dieschbourg wéilt verhënneren, dass d'Chamber sech eng weider Kéier mat der Affär befaasse muss.

En Donneschdeg koum dunn allerdéngs d'Nouvelle, dass de Parquet dësen Dossier un d'Chamber weidergeleet huet. Dëst well an der Verfassung virgesinn ass, dass nëmmen d’Chamber e Member vun der Regierung ukloen an esou dësem seng Immunitéit ophiewe kann. An enger éischter Reaktioun hat et vum Carole Dieschbourg geheescht, dass si d’Chamber biet, fir dat ze maachen.

D'Carole Dieschbourg gëtt hir Demissioun bekannt!

E Freideg de Moien hat si dunn allerdéngs hir Demissioun bekannt ginn. Wéi si matgedeelt huet, wéilt si doduerch verhënneren, dass d’Aarbecht vun der Chamber nees duerch dës Affär blockéiert géif ginn. Wa si kee Member vun der Regierung wier, kéint de Parquet si nämlech ouni Weideres an der Affär héieren. Si hätt sech allerdéngs näischt ze reprochéieren. Si hätt an der Affär vun Ufank un mat der Enquête kooperéiert. De Claude Turmes iwwerhëlt d’Mandat vum Ëmweltminister dann am Interim bis en definitiven Nofollger feststeet.