Netflix ass ee vun de beléifste Streaming-Déngschter weltwäit. Mat den zukünftegen Ännerunge kann ee sech awer lo froen, ob d'Notzer wäerten trei bleiwen.

Säit senger Grënnung am Joer 1997 huet sech de Streaming-Déngscht Netflix op der ganzer Welt gutt etabléiert an huet sech zu engem vun den erfollegräichten entwéckelt. Lo huet Netflix awer säit méi wéi engem Joerzéngt säin éischte Verloscht vun Abonnente missen abéissen.

D’Corona-Pandemie huet dem Streaming-Gigant gutt an d’Kaarte gespillt. Duerch d’Lockdowns, den Homeoffice an d’Gestes-Barrièren, hu sech vill méi Leit doheem Filmer a Serien ugekuckt. Doduerch hat sech den US-amerikanesche Streaming-Déngscht eigentlech och dëst Joer méi Abonnenten erwaart. De Géigendeel ass awer agetrueden. Netflix begrënnt de Verloscht ënner anerem mam Ukrain-Krich, duerch dee ronn 700.000 Konte gespaart gi sinn.

Een anere Grond fir de Réckgang soll de sougenannten Account-Sharing sinn. Den Account mat Frënn oder Bekannten deelen, mat deenen een net an engem Haushalt wunnt, ass eigentlech verbueden. Trotzdeem deelen eleng an den USA ronn 35% vun de Notzer hiren Account illegal. An Hand op d’Häerz, net just an den USA. Dat awer bis elo ouni Konsequenzen. Ma de Streaming-Ubidder wëll dat elo änneren.

Netflix huet nämlech elo een neien Account-Sharing-Modell virgestallt, iwwert dee vill Leit warscheinlech net begeeschtert wäerte sinn. An enger Testphas wäert a Peru, am Chile an a Costa Rica deelweis eng nei Funktioun agefouert ginn. D’User kënne bis zu 2-3 weider Persounen zu hirem Kont bäifügen. Dat awer just géint ee Supplement vun 2 bis 3 Euro. Netflix erhofft sech, doduerch méi Benefice ze maachen.
Et ass och net auszeschléissen, datt Netflix eng méi bëlleg Versioun lancéiert. Bei där misst een awer dann Werbung iwwert sech ergoe loossen.

Den Account-Sharing z’ënnerbannen wier reng teschnech gesinn liicht ëmsetzbar. Netflix misst just vun all verbonnenem Gerät d’IP-Adresse späicheren. Sou gesäit een dann, vu wou sech ageloggt gëtt an deementspriechend kann een erausfannen, ob ee Kont vu verschiddene Persoune benotzt gëtt. Ob Netflix souwäit geet, weess een awer net.

Wéini genau dës Funktioune kommen an ob se iwwerhaapt an Europa agefouert ginn, ass awer net gewosst. Sou kënne verschidde Leit fir den Ament nach eng Kéier opootmen.

Lauschtert hei de Reportage

Lo kann een sech natierlech d’Fro stellen, ob sech Netflix domat net selwer benodeelegt. D’Abonnentenzuel ass elo schonn erofgaangen a mat dësen Ännerunge kann ee sech virstellen, datt ee Groussdeel vun de Notzer den Abo villäicht läscht a bei d’Konkurrenz geet. Op alle Fall ass et awer een interessante Modell, deen een am Ae behale sollt.