Ass den Handy ganz wech leeën wierklech déi ultimativ Léisung?

Eng Kéier kuerz net opgepasst an den Handye-Ecran huet sech an ee Waasserfall vu Noriichte verwandelt. Komplett faszinéiert vun der Iddi, dass sech d’Leit fir eis interesséieren, wëll natierlech keen dat Gefill verléieren.

Eng Etüd vun der Uni Bochum huet eist d’Wuelbefanne mam Handy mol eng Kéier genau ënnert d’Lupp geholl. Testpersoune goufen an dräi Gruppen agedeelt, déi jeeweileg eng aner Aufgab zougedeelt krutten. Déi éischt huet eng Woch komplett op den Handy verzicht. Déi zweet huet hir Notzung ëm eng Stonn reduzéiert an déi lescht Grupp huet näischt geännert.

D’Resultat huet bewisen, dass ee komplette Verzicht op den Handy net onbedéngt déi beschte Léisung ass. Et huet sech rausgestallt, dass tatsächlech déi Grupp, déi hire Konsum ëm eng Stonn reduzéiert hunn, am Beschten ofgeschnidden hunn.

Fir si huet sech de Liewensstil net nëmmen an der Testwoch geännert, mee och nach 4 Méint dono. Si hunn dat wat se an der Woch geléiert hunn, an hiren Alldag adaptéiert. Et ass sou wäit gaangen, dass verschiddener souguer lo ee vill méi glécklecht Liewe féieren. Se hunn opgehalen sou vill ze fëmmen, hunn sech méi beweegt an och Depressiounen an d’Angschtzoustänn sinn drastesch zréck gaangen.

Also net ëmmer d’Gesicht mam Handybildschierm verschmëlze loossen, mee och mol genéisse wat ronderëm ee leeft, well dat wat ronderëm ee befënnt deelweis nach vill méi skurril an interessant ka sinn, wéi dat wat een aus der Onlinewelt kennt.

Lauschtert hei d'Reportage