Jidderee kennt en a jiddereen haasst en. Genau: den Hick. Hei e puer Tipps, wéi der e kënnt lass ginn.

Den Hick ass eppes wat jiddereen nervt a stéiert. Besonnesch beim Iessen oder Drénken, an der Schoul oder bei engem wichtege Meeting ass en einfach lästeg. Natierlech huet en awer och ee Witzfaktor, zwar net fir ee selwer, mee d’Kolleege ronderëm hunn eppes fir ze laachen. Schadenfreude ass jo ëmmer nach déi bescht Freed. Lo kann ee sech awer froen, wou eppes sou Onnéideges hierkënnt.

Mir kennen et all: dann drénkt een eng Kéier eppes ze séier, et verschléckt ee sech an direkt duerno ass den onangeneemen Hick do. Wéi genau dësen entsteet ass u sech simpel z’erklären: D’Zwerchfell verkrampft an d’Stëmmbänner gi beim Anootmen zou. Sou entsteet dat formidabelt Hick-Geräisch. Ee bestëmmten Entsteeungsfaktor gëtt et u sech net, mee nieft dem séieren Drénken an Iessen, kënnen och Stress oder Opreegung zum Hick bäidroen.

Op alle Fall ass et een nervege Moment fir all Bedeelegt. Wat kann een also maachen, fir e lass zeginn? Léisunge wéi am Kappstand ee Glas Waasser drénken, kenne vill Leit. Medezinesch beluecht ass deen Trick awer net. Dat wat am beschten hëlleft, ass et, de Problem un der Wuerzel ze léisen. Also gëllt et, d’Zwerchfell z’entspanen.

Eng Méiglechkeet dofir sinn Otemübungen. Eng dovunner ass et, déif anzeootmen, d’Loft fir 10 Sekonnen unzehalen an da rëm lues auszeootmen. Mat deem Trick ass den Hick dann hoffentlech verschwonnen. Déi nächst Method schéngt komesch, mee anscheinend soll se hiren Zweck erfëllen. Wann der d’Zongespëtzt ee -bis zweemol no vir zitt, ginn d’Nerven an d’Muskelen am Hals stimuléiert. Sou kënnt der den Hick lassginn. Eng weider Méiglechkeet wier et, äiskaalt Waasser ze drénken.

Ob dës Methoden tatsächlech eppes hëllefen kann ee just hoffen. Op alle Fall wäert ech déi eng oder aner mol ausprobéieren, wann ech déi nächste Kéier den Hick hunn, dee schéngt jo ze kommen an ze goe wann e wëll.

Lauschtert hei de Reportage