Planze géissen an se et och nach ee ganze Summer iwwerliewen, dat ass schonn eng Konscht fir sech.

Dobaussen gëtt et ëmmer méi gréng, Temperature gi erop, an Deeg ginn ëmmer méi laang. Lo misst een dës Atmosphär just nach a senger Wunneng kéinten afänken. Bësse wéi den idyllesche Gaart den engem vun der leschter Vakanz an Italie am Kapp hänke bliwwen ass. Leider ass net jidderee sou begaabt wéi eng italienesch Nonna, mee éischter gréng hannert den Oueren wann et ëm Planze geet.

Nätzen, nätzen, nätzen, heescht et fir déi meescht Leit wann se un Zëmmerplanzen denken. Dobäi wëlle mir jo net, dass eis Planze schonn erdrénken éiert de Summer iwwerhaapt richteg lass geet.

Wéi vill Auer ass et? – Net d’Zäit fir d’Planzen ze nätzen.

An der Mëtteszäit soll een op kee Fall op d’Iddi kommen fir ze nätzen. Duerch déi waarm Temperaturen verdonst d’Waasser deelweis méi séier wéi an der Sauna. Op laanger Dauer kann et passéieren, dass d’Planzen dowéinst erdiischteren. Owes nätzen ass och net optimal. De Risiko besteet, dass d’Planzen ufänken ze faulen, well d’Wuerzel ze laang an der naasser Äerd steet. Am Beschten ass et fir seng Planzen ganz fréi Moies ze géissen. Sou kënnen och déi gutt an den Dag starten.

Wiem et awer ze fréi ass zu der Zäit opzestoen, wann de Bréifdréier d’Post bréngt, kann och den einfache Wee huelen. Mat der Sansevieria, déi schonn an de 60er als It-Planz bekannt war, ass bis haut eng vun de Planzen déi am einfachsten ze fleege sinn. Fir een den et gäre méi faarweg huet, wéi nëmmen déi gréng Planzen a sengem Zëmmer stoen ze hunn, kéint eng Orchidee interessant sinn. Natierlech kann een och ëmmer op de Klassiker, de Kaktus, zréck gräifen, well den hält et souguer an der Wüüst aus.

Lauschtert hei d'Reportage