Falls du Problemer an der Léift hues, läit et mol net un deenen aneren, mee du bass villäicht einfach just intelligent.

D’Léift ass jo u sech eppes ganz Schéines, wann dann alles gutt geet. Leider ass et awer net ëmmer sou einfach. Et zweifelt een, ob een déi grouss Léift iwwerhaapt nach fënnt. Keng Angscht, du bass net eleng, jidderengem geet et mol esou. D’Onfäegkeet, sech ze verléiwen, kéint awer een anere Grond hunn, wéi ee menge kéint.

Eng Etüd vun enger kanadescher Uni huet nämlech erginn, datt et een Zesummenhang tëschent der Léift an der Intelligenz gëtt. Haalt iech fest: Dir sidd villäicht einfach ze vill intelligent, fir iech ze verléiwen. Ob dat op iech zoutrëfft, kënnt der hei erausfannen.

Intelligent Leit géifen dozou tendéieren, d’Gefiller iwwerzeanalyséieren a sech iwwer all méigleche Risiko de Kapp ze zerbriechen. Déi meescht kennen et bestëmmt. Da stresst ee sech iwwer Saachen, déi mol nach net geschitt sinn a stellt alles a Fro. Da geet et alt mol sou wäit, datt een an der Dusch Selbstgespréicher féiert. Verschiddener vun iech fanne sech bestëmmt an dem Zenario rëm.

Intelligent Leit géife besser oppassen, wat se hirem Géigeniwwer uvertrauen oder eben net. Sou géif een zou an distanzéiert eriwwerkommen. Alles ziele muss een engem jo awer net, oder? Eng Kéier eng schlecht Erfarung erlieft an et gëtt ee méi mësstrauesch. Eng Form vu Selbstschutz, duerch déi ee sech d’Liewen zwar méi sécher, mee och méi einsam mécht.

Perfektionismus an ze héich Uspréch géifen och eng grouss Roll spillen. Wann dës net erfëllt ginn, géife sech intelligent Leit bewosst dofir entscheeden, einfach eleng ze bleiwen. E puer Uspréch sollt een awer hunn. Trotzdeem soll een awer Kompromësser agoe kënnen, well keen allen Erwaardunge gerecht ka ginn. E bësse realistesch muss een awer bleiwen.

Lauschtert hei de Reportage

Op dat hei lo op all Mënsch zoutrëfft, sief dohinner gestallt. Natierlech misst een hei fir d’éischt mol definéieren, wat eigentlech eng intelligent Persoun ausmécht. Dir kënnt jo awer lo einfach mol behaapten, datt dir einfach ze vill gescheit sidd, fir iech ze verléiwen. Villäicht stëmmt et jo tatsächlech an dat ass och vill wäert.