Et ass net einfach en Niewenjob ze fannen, ma 8 Schüler wëlle sech genee deem Problem unhuelen.

Wie Schüler*In oder Student*In ass kennt de Probleem all ze gutt: Zäit huet ee genuch am Liewen, d’Täschegeld schéngt awer knapp bemooss ze sinn. Do sollt en Niewenjob hëllefen, wann een da mol ee géif fannen!

Genee do kommen 8 Schüler aus dem Lycée Robert Schuman an d’Spill, déi d’Mini-Entreprise Jonkjob gegrënnt hunn. Op hirem Site kënne Student*Inne sech umellen, déi en Niewenjob sichen an Erwuessener kënnen Hëllef ufroen. Doduerch kréien déi Jonk engersäits natierlech d’Méiglechkeet Suen ze verdéngen, awer och en éischten Abléck an d’Aarbechtswelt. An déi Erwuesse kënnen duerch dës Servicer an hirem Alldag entlaascht ginn.

Zu de Mini-Jobs gehéieren Aufgabe wéi Auto wäschen, op d’Hausdéieren oppassen, Babysitten, Wiss méinen a wieder Servicer. Dës kaschten alleguer 15 Euro d’Stonn, just bei der Nohëllef muss een 18 Euro pro Stonn arechnen.

D’Team hannert der Website geréiert déi verschidden Demanden a setzt jee no Ufro, Datum, Uertschaft an Auerzäit de passende Student bei den ugefrote Service. Fir déi ganz Planung an Organisatioun zitt sech d’Mini Entreprise dann en Deel vum Montant of, déi dëse kascht, ier de Recht un de Student / un d’Studentin geet, déi de Mini-Job ausgefouert huet. Vum Ufroen, bis Bezuelung leeft also alles iwwert de Site selwer.

Lauschtert hei den Interview

Iwwer 400 Studenten*Innen hu sech bis elo ugemellt. Falls dir also Ënnerstëtzung bei verschiddenen Aufgabe braucht oder en Niewenjob wëllt hunn, zéckt net är Demande eranzereechen an e Service ënner jonkjob.lu ze kafen oder unzebidden.