Vitaminne sinn ee wichtege Bestanddeel vum mënschleche Kierper. Trotzdeem ginn et ëmmer nach falsch Behaaptungen zu dem Thema.

Dës Mythen iwwer Vitaminnen hutt der bestëmmt scho mol héieren. Déi sinn awer net ëmmer ganz richteg.

Mythos 1 : Veganer feelt et u wichtege Vitaminnen

All Vegetarier oder Veganer krut bestëmmt mol gesot, datt e keng Energie hätt, einfach well e keng Déiereproduite géif iessen. Ganz richteg ass dat net. Zwar ass de Risiko, un engem Vitaminn-Mangel ze leiden bei Veganer méi héich, mee aner Facteure spillen och eng Roll. Sou komesch et och villäicht kléngt, kann ee Mangel och duerch eng ze héich Dosis u Vitaminnen entstoen. Och Erkrankungen um Daarm an un de Nieren kënnen zu engem Vitaminn-B-12-Mangel féieren. De Fakt, datt dee just an Déiereproduiten enthalen ass, kann awer mol zu Feelaschätzunge kommen.

Mythos 2: Nëmme Schlofpëllen hëllefe géint Schlofstéierungen

Dat éischt wouno ee gräift wann een net méi schlofe kann, sinn d’Schlofpëllen. Dat ass jo dat eenzegt, wat géint eng Schlofstéierung hëlleft? Falsch geduecht, et ginn och méi gesond Méiglechkeeten. De Närstoff L-Tryptophan zum Beispill beaflosst ënner anerem d’Stëmmung an d’Wuelbefannen. De Kierper produzéiert en zwar net selwer, mee en ass awer an eeweäissräichhaltege Produiten ze fannen. Sollt déi Ernierung net duergoen, kann een en och nach als Kapsel huelen.

Mythos 3: Ee Närstoffmangel ass liicht z’erkennen

Sollten är Neel brécheg sinn, da leit der warscheinlech un engem Vitaminn-Mangel. Leider ass et awer net ëmmer sou einfach fir den Defizit z’erkennen. De Vitaminn B-12 zum Beispill ka vum Kierper an héije Quantitéite gespäichert ginn. U ech schéngt dat jo ganz cool, mee doduerch kann de Mangel oft réischt ganz spéit entdeckt ginn. Verschidden Unzeeche kënnen Nervositéit, Middegkeet oder Krämpercher sinn.

Lauschtert hei de Reportage

Fir kënne géint ee Vitaminn – Mangel virzebeugen ass et am beschte sech am Viraus gutt z’informéieren.