Den 1. Mee ass d’"Science Meets Music" Event an der Rockhal. Tëscht 14h00 an 19h30 kann ee gratis a mat der ganzer Famill kommen ouni sech unzemellen. 

"Science Meets Music" ass d’Launch Event vum "Sound of Data"- Projet am Kader vun Esch2022. Dëse Projet ass eng Zesummenaarbecht tëscht dem FNR, der Rockhal, der Uni Lëtzebuerg an dem LIST. 
D’Event "Science Meets Music" besteet am Fong aus zwee Deeler. Engersäits ass am Foyer vun der Rockhal e klenge Science Festival mat interaktive Workshoppen déi de Lien tëscht der Musek an der Wëssenschaft weisen. De Jean-Paul Bertemes vum FNR weess wat op d’Visiteuren zoukënnt. Et kann een zum Beispill Blëtzer iwwert eng Tesla-Spull maachen oder et kann ee mat engem Stroboskop-Effekt ganz spektakulär kucke wéi Gittar-Säite schwéngen. Unhand vun Date kann een och Musek komponéieren.

RTL

© FNR

Anersäits ass dann och eng Konferenz am Club vun der Rockhal. An net vun egal wiem, mee vum éischten offiziell unerkannte Cyborg, Neil Harbisson. Hie gëtt effektiv als Mëschung tëscht Mënsch a Maschinn ugesinn. Hien ass faarweblann an huet sech eng Antenn a säi Kapp implantéiere gelooss mat där hie Faarwen héiere kann. De Jean-Paul Bertemes huet d’Detailer iwwer dës Konferenz. Mam Pol Lombarte, deen och e Cyborg ass, wäert den Niels Harbisson sur place den Häerzschlag vun der Audienz a Musek a Faarwen ëmwandelen.

Lauschtert eran!

D’Event lancéiert jo de "Sound of Data"-Projet vun Esch2022. D’Zil vum Projet ass et aus wëssenschaftlechen Donnéeë Musek ze maachen. Data Sonification hëlleft nämlech Daten ze visualiséieren an deem ee se fir d’Ouer opbereet. Et ass och eng kreativ Aart a Weis fir nei Musek ze gestalten. De Jean-Paul Bertemes erkläert dass een Tendenz huet Musek a Wëssenschaft an 2 verschidden Tiräng ze setzen. Mee am Fong sinn et allen 2 kreativ Domänen.

Et wier och wichteg ze wëssen dass vill Museker sech och un Technologie an u Wëssenschaft inspiréiere fir hir Kreatiounen. D’Musek gëtt jo och ëmmer méi duerch d’Technologie geformt.