De Service vun der Santé sexuelle et affective geet ënner anerem a Schoulen a mécht do mat de Schüler Aktivitéiten zum Thema sexuell Gesondheet.

Zejoert sinn eppes iwwer 8.000 Persoune vum Service vun der Santé sexuelle et affective vum Planning Familial betreit ginn. Dës Zuel hat de Planning gëschter an enger Pressekonferenz, op där d’Aktivitéite vun dësem Service presentéiert goufen, genannt. Mir hu mat deene Responsabelen iwwert d’Wichtegkeet vun enger gelongener sexueller Erzéiung geschwat.

De Service vun der Santé sexuelle et affective vum Planning Familial iwwerhëlt eng ganz Partie Aufgaben. Nieft der individueller Berodung a verschiddene Campagnen, déi de Fokus op ënnerschiddlech  Aspekter vun der sexueller Gesondheet leeën, geet de Service och a Schoulen an organiséiert hei Aktivitéiten iwwer d’Thema vun der sexueller Gesondheet.

Wéi d’Sandra Michely, Coordinatrice vum Service erkläert, géif een dës Aktivitéiten esouwuel am Fondamental, ewéi och am Lycée, de Maisons Relais an an der Éducation Differencié ubidden.

D’Inhalter vun den Aktivitéite sinn dobäi dem Alter vun deene Jonken ugepasst. Bei jonke Kanner läit de Fokus vun den Aktivitéite besonnesch dorop, dass si sech hiren eegene Gefiller bewosst ginn. Et géif dorëms goen, ze léieren, seng Gefiller ze weisen an auszedrécken. Virun allem, missten d'Kanner awer och léiere kloer jo oder nee ze soen.

Lauschtert hei de Reportage!

Donieft wier et wichteg, dass d’Kanner sech scho fréi 5 Vertrauenspersounen eraussichen, un déi sech riichte kënne wann et Froe ginn, oder si eng potenziell traumatesch Situatioun erlieft hunn.

Am Secondaire, géifen da meeschtens Froë ronderëm d'Pubertéit, Bezéiungen, Verhütung, d'Diversitéit an déi sexuell Identitéit an Orientatioun. Donieft, geet et am Secondaire och ëm Themen, wéi den éischte Rendezvous beim Gynekolog, dem Ofbroch vun enge Schwangerschaft an de sexuelle Konsens.

Ma wie Froen zum Thema sexuell Gesondheet huet, kann sech och iwwer Instagram un de Planning Familial adresséieren. Dës Froe ginn dann un déi zoustänneg Servicer weidergeleet. Deelweis kënnen déi jeeweileg zoustänneg Ekippen awer och direkt op d'Froen äntwerten.

Eng gelongen Education sexuelle et affective géif dofir suergen, dass Kanner a Jonker gestäerkt ginn. Si kéinten sech deemno besser viru sexuellen Iwwergrëffer schützen a kloer ënnerscheeden, wat fir si ok ass, a wat net.

Weider Informatiounen iwwert déi verschidden Aktivitéite vum Service vun der Santé sexuelle et affective vum Planning Familial, fannt dir op pfl.lu.