Egal wéi gutt d’Gediechtnes funktionéiert, den Erënnerunge soll ee villäicht léiwer net ëmmer trauen.

D’Erënnerung ass jo wéi ee seet ganz trügeresch. Da geet een an d’Kichen an et weess een net méi, wat een eigentlech wollt maachen. Am schlëmmste Fall huet ee kuerz de Numm vun der Frëndin vergiess. Wann de Mënsch sou vergiesserlech ass, wéi kann et da sinn, datt sech ee Groussdeel vun de Leit u Saachen erënnert, déi net der Realitéit entspriechen?

De Mandela-Effekt, tatsächlech benannt nom Nelson Mandela, beschreift genau dee Phenomen. Fir jiddereen, deen an der Schoul net sou aktiv matgeschafft huet, hei eng kleng Rees zréck an de Geschichtscours. De Mandela war den éischte schwaarze President a Südafrika an de 90er Joren. Do virdrun war e laang a Gefaangeschaft. Säin Dout am Joer 2013 huet awer fir vill Verwirrung gesuergt. Ass de Mandela net am Prisong gestuerwen? Nee, e puer méi Joer hat en nach.

Schonn e bësse makaber oder? Dat ass awer net deen eenzege Fall vun der sougenannter Erënnerungsverfälschung. Star Wars-Fans opgepasst: De Saz "Luke, I am your father" ass eent vun de bekanntste Filmzitater weltwäit. Ech well lo kengem ze no trieden, mee en ass leider falsch. Richteg wier: "No, I am your father". Hätt dir et gemierkt?

D’Kultlidd «We are the Champions» vun der Band Queen ass duerch de Plaffong gaang. Lo frot der iech bestëmmt, wat de Klassiker an dëser Oplëschtung verluer huet. Beim Schluss "We are the champions *döm döm* of the world" hunn ech mech selwer ertappt. Enttäusche well ech iech net, mee an der offizieller Versioun existéiert den "of the world" net. D’Fans hunn deen dobäi gereimt.

Lauschtert hei de Reportage

Ech hoffen, är Welt ass lo net komplett zerstéiert. Wéi der gesitt kann een der Erënnerung net voll a ganz vertrauen. Ëmmer rëm iwwerraschend wéi d’Gediechntnes eis hannergoe kann.