Eis Handye kënne vill. Mee dass se eis heiansdo och aus onangeneeme respektiv geféierleche Situatioune retten, ass dacks net gewosst.

Wéineg Leit wëssen dass een d’Méiglechkeet huet sech mat Hëllef vu spezifesche Funktiounen op sengem Handy méi sécher ze fillen. An dat ouni eng extra App erofzelueden. Esouwuel Iphone - wéi Android-Apparater hu sougennant "Emergency Buttons", also Noutruff-Funktiounen. Hei kann een an enger Noutsituatioun d’Rettungsdéngschter an d’Kontakter, déi een erausgesicht huet, informéieren dass eppes net an der Rei ass an och wou ee lokaliséiert ass.

Lauschtert eran!

Op den Iphone-Handye kann een d’Säitentast an d’Lautstäerktentast gläichzäiteg drécke bis ee SOS um Schierm gesäit. Entweder kann ee laang drop décken oder 5 mol drop drécken. Den Handy aktivéiert dann en Countdown an duerno schellt en Alarm immens haart fir dass d’Leit ronderëm et och matkréien.

Op den Android-Handyen hänkt et vun der Mark of. Samsung huet zum Beispill eng speziell Funktioun déi sech "Send SOS Messages" nennt. Hei kann een dräi mol op d’Säitentast drécken: dat ass dann e ganz änleche Prinzip wéi beim Iphone.

Et ginn awer och verschidden Appen déi een erofluede kann an déi nach zousätzlech Funktiounen hunn. Eng vun de bekannsten ass "The Red Panic Button". D’App schéckt sougenannt "Panik-Noriichten" un d’Kontakter déi een uginn huet. Uriff sinn awer och méiglech.

Eng aner App nennt sech "Bsafe". Dës funktionéiert zimmlech änlech mee huet och eng "Fake Call"-Funktioun fir den Handy als Oflenkung schellen ze loossen. Et kann een deemno säin Heemwee och livestreamen. An deem Fall hunn e Papp a säi Meedchen d’App entwéckelt nodeems d’Meedche vergewaltegt gouf. Déi zwou Appen si weltwäit disponibel. Natierlech ginn et och weider Beispiller: dës sinn awer meeschtens just a verschiddene Länner disponibel.