Fir déi drëtte Kéier fannen dëst Joer d'Garden Sounds am Jardin de Wiltz statt. Am Virfeld hate mir d'Anne-Marie Krettels (COOPERATIONS Asbl) am Interview!

De Jardin de Wiltz ass e Konscht-Gaart, dee scho viru ronn 40 Joer vu Kënschtler*innen, Persoune mat Behënnerung a Gäertner ugeluecht gouf. Och fir déi Leit déi d'Plaz gutt kennen gëtt et awer ëmmer erëm Neies ze entdecken - esou e Gaart verännert sech natierlech a gesäit ëmmer erëm e bëssen anescht aus. Nieft der bekannter Nuits des Lampions kann een an där besonnescher Location dëst Joer och erëm d'Garden Sounds erliewen. Vum 7. Mee bis den 18. Juni steet de Jardin de Wiltz deemno ganz am Zeeche vu Musek a Literatur!

Wéi gëtt de Jardin de Wiltz fir d'Garden Sounds amenagéiert?

Hei e puer Andréck vun där leschter Editioun:

Um musikalesche Line-Up vun de Garden Sounds stinn dëst Joer ënnert anerem dräi Acts aus Lëtzebuerg
- ROME (7. Mee)
- Gilles Grethen Quartet (14. Mee)
- Maz (4. Juni)

Mat Condore aus der Belsch an ISLE aus Holland stinn dann och zwou Bands aus dem Ausland op der Affiche.

"Ech fannen et einfach immens wichteg fir eis als Kulturzenter national Kënschtler ze weisen, awer och international Bands ze programméieren. Mir probéieren do ëmmer eng gutt Mëschung ze fannen, fir dass och si ënnerteneen sech kënne begéinen, austauschen a géigesäiteg ze inspiréieren!" (Anne-Marie Krettels, COOPERATIONS Asbl)

Hei gidd dir nach méi iwwer Condore an ISLE gewuer!

Nieft der Musek kann een am Jardin de Wiltz och Litteratur erliewen. Säit e puer Joer organiséiert de Centre national de littérature vu Miersch hir Liesrees. Hei reese lëtzebuerger Auteuren duerch d'Land a stellen hir neiste Bicher vir. Den 11. Juni maachen si dann och e Stopp am Jardin de Wiltz op de Garden Sounds. Am Ganzen wäerten deen Dag 6 Schrëftsteller*innen hir nei Wierker presentéieren - mëttes fir Kanner an owes fir Erwuessener.

RTL

CNLiesrees Garden Sounds 2022 (Kanner) / © Screenshot Website CNL

Samschdes den 18. Juni ass dann d'Clôture vum Festival mat der Fête de la Musique déi ganz den Absolvent*innen vun der Musekschoul Wooltz gehéiert.

Kuckt hei de ganze Line-Up vun de Garden Sounds 2022 a séchert iech är Ticketen!