
© Unsplash
Den Handy ass haut aus kenger Täsch méi ewechzedenken. Scho bal gefesselt un de Smartphone leeft de Mënsch Gefor süchteg ze ginn.
Eng Welt ouni Handy ass net méi virzestellen. E mécht d’Liewen vill méi simpel, stressfräi an alles geet méi séier. Eng permanent Kommunikatioun ass geséchert, Google huet op all Fro an e puer Millisekonnen eng Äntwert an wann ee wëll kann een ëmmer an iwwerall vu gudder Musek begleet ginn. Logesch, datt een da scho Wanvirstellunge kritt.
Ass ee grad an enger hëtzeger Diskussiounsronn an der WhatsApp-Grupp, kann den Handy mol am Sekonnentakt vibréieren. Da geschitt et awer mol, datt een den Handy an de Grapp hëlt an awer keng Notifikatiounen fënnt, obschonn ee sécher war, datt e vibréiert hätt. Wéi ass dat also méiglech? Heibäi handelt et sëch ëm de Phantom-Vibratiouns-Syndrom. Medezinesch gesinn, beschreift en eng sougenannt «taktil Halluzinatioun». Mir bilden eis also ee Gefill an. Ee Gefill, dat duerch eng onbewosst Muskelbeweegung ausgeléist ka ginn, déi als Vibratioun mëssinterpretéiert gëtt.
Eist Gehier bilt sech also ee Reiz an, deen u sech net wierklech do ass. Ee Grond dofir kéint sinn, datt mir sou un déi konstant Notifikatiounsgeräischer gewinnt sinn, datt d’Gehier se scho vermësst, wann da länger eng Kéier näischt kënnt.
Sou banal dat hei och villäicht klengt, sollt een en awer net ënnerschätzen. Méiglech Symptomer kënnen ënner anerem psychologesche Stress oder Opmierksamkeetsdefiziter sinn. De Syndrom kéint am schlëmmste Fall souguer zu Depressiounen oder Angschtstéierunge féieren.
Natierlech leit net jiddereen, deen ab und zu op den Handy kuckt, direkt un deem Syndrom. Maacht iech also keen ze décke Kapp. Trotzdeem ass et net schlecht d’Bildschiermzäit ze reduzéieren. Einfach d’Notifikatiounen ausmaachen ka nämlech vill ausmaachen, fir sech besser a manner gestresst ze fillen.