Iessen, déi lëtzebuergesch Wirtschaft ënnerstëtzen & eppes fir de gudden Zweck maachen an dat alles gläichzäiteg? Dat ass d'Konzept vu 7 Schüler.

"Snacke maache mer alleguerte gären, ma kee snackt lokal", dat ass 7 Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch opgefall, déi doraus e Konzept erstallt hunn. D’Mini-Entreprise nennt sech "Must Snack" a bitt déi éischt 100% lëtzebuergesch Snack-Box un. An esou enger Këscht befanne sech also exklusiv lëtzebuergesch Produiten. Duerch de Kaf vun esou enger Box ënnerstëtzt een also engersäits déi lëtzebuergesch Wirtschaft, anerersäits awer och verschidden Ateliers Protégés wéi den Tricentenaire oder d’Fondation Autisme.

Kee schlecht Gewëssen also beim Snacken, souwisou net, mee bei Must-Snack nach manner well een och nach niewebäi eppes Guddes mécht. Ausserdeem kann ee sech iwwerrasche loossen. D’Surprise-Boxe si Këschten, déi fäerdeg preparéiert sinn. D’Zil ass et hei: Nei Produiten, ewéi lëtzebuergesch Fournisseure kennen ze léieren.

Dës Boxe ginn et an 3 Gréissten, ee Mol S fir 19,99, d’M läit bei 35,99 an d’L bei 45,99. Vue, dass een en Abléck an de Katalog kann hu weess een och ongeféier wat ee kritt, ma d’Mini Entreprise probéiert Woch fir Woch e bëssen ze variéieren an nei Goûten un d’Clienten ze bréngen. Wien awer léiwer selwer bestëmmt wat et ze Snacke gëtt, dee ka sech och fir d’Event Box decidéieren. Dës si fir perséinlech Soiréeën, awer och fir Meetingen op der Aarbecht oder soss Events vun all Zort geduecht. Hei kann ee sech d’Snack-Këscht selwer zesumme stellen an dat aus engem Katalog vun iwwer 60 Produite vun iwwer 10 verschiddene Produzenten.

D’Mini-Entreprise ass aktuell op verschiddene Pop-Up Events vertrueden, wou ee sech sur Place e Bild maache kann. Wien awer haut schonn eng Këscht vu "Must Snack" bestelle wëll, kann dëst iwwert hiren eegene Site maachen.

Lauschtert hei den Interview