Deng Meenung ass net meng Responsabilitéit!

Ass et wichteg wéi säi Géigeniwwer ausgesäit? Ass et wichteg wat seng Interesse sinn? Ass et wichteg ob en deck oder dënn ass? Ass et néideg een domme Kommentar ze maachen, wann et engem net passt wat den anere mécht? D’Sozial Netzwierker déi als Queen vun de gebrachenen Häerzer bekannt ass, huet och ee groussen Impakt do drop wéi een sech a senger Haut fillt.

Grad an der Onlinewelt fält et engem mol nach net sou séier op wéi schlëmm d’Perspektive vun engem manipuléiert gëtt. All déi perfekt Posts, dat perfekt Liewen, a virun allem dat perfekt Ausgesinn, loossen een u sech selwer zweifelen. Dobäi ass dat dee gréisste Feeler den ee maache kann, sech mat anere Leit ze vergläichen. Déi eenzeg Persoun mat der een dat maache kann, ass säin «Ech» vum Dag virdrun.

D’Gesellschaft ass bekannt als de Leader wann et ëm body shaming geet. Leider kann een net nëmme mam Fanger op déi weisen. Vill Leit hunn an hirem Kapp een negatiivt Bild vu sech selwer. Duerch dat toxescht Ëmfeld, fänkt ee bemol un dorun ze gleewen, dass ee net sou vill wäert ass, wann een net sou ausgesäit wéi vun engem «erwaart» gëtt.

Dat selbstkritescht Denken, ass nach vill méi geféierlech, wéi d’Kommentare vun deenen aneren. Wann een da bis virum Spigel steet, a sech selwer net attraktiv fënnt, straalt een eng immens Onsécherheet aus. Bei verschiddene geet et sou wäit, dass se ufänken sech an Oversizekleeder ze verstoppen, dass een d'Taille net méi erkenne kann.

An eng Therapie goe kann engem hëllefe besser mat sou schwéiere Situatiounen eens, mee et ass awer dann och vill Selbstbewosstsinn vun engem gefrot. Kleng Schrëtt, wéi d’Schätze vu sengem Kierper a senge Flaws kann een Ufank an déi richteg Richtung sinn. Mir besëtzen eist ganzt Liewe just ee Kierper dofir ass et wichteg dee mat all sengen Ecken a Kante gären ze hunn. Firwat mécht een sech net fir sech selwer schéin? Firwat wëll een sech net selwer gefalen, amplaz sech ëmmer op d’Meenung vun der Gesellschaft ze reduzéieren?

Lauschtert hei d'Reportage