Wann de Privileeg als Kand vum net selwer denken als Erwuessenen zum Verhängnis gëtt.

D’Gehier net mat sengem ganze Potential benotzen ze kënne gëtt «Lazy Mind» genannt. D’Leit hunn deementspriechend och ee ganzt Päckche mat sech ze droen. D’Reaktiounszäit dauert méi laang, se hunn ee grousse Mangel u kriteschem Denken, a gi séier zum Affer vun der Manipulatioun. Hiert Gehier schafft net ëmmer sou op Héichtouren, well se et net gewinnt si selwer ze denken. Meeschtens iwwerhëlt een aneren dat fir si, wat dozou bäidréit, dass d’Gehier ëmmer méi schwaach gëtt.

Déi Betraffen hunn eng grouss Angscht do virdrun ze versoen. Se schummen sech immens séier, well se dat Gefill hunn, dass déi aner mengen et hätt een näischt drop, obwuel dat net onbedéngt de Fall ass. Dat dréit als Konsequenz mat sech, dass déi Leit sech keng Ziler méi setzen, well se de Sënn net agesi fir weider ze maachen.

Net nëmmen dat. Een den als Kand de Privileeg hat, näischt selwer ze maachen, hëlt déi Gewunnecht als selbstverständlech. Genau deene Leit wäert et spéider immens schwéier fale selwer ze denken. D’Gehier kritt ni d’Chance fir sech ganz ze entwéckelen.

Et ginn awer puer Tricke fir aus dem Mindset rauszekommen. Fir den Ufank ass et am beschten ze vermeiden ze vill Multitasking ze maachen. Sou fält et dem d’Gehier méi einfach sech just op eng Saach konzentréieren. Een deen ee Schrëtt méi wäit wëll goen, ka probéieren sech kleng Ziler ze setzen. Dat motivéiert méi fir do drop hin ze schaffen. Sou kann een sech selwer och beweisen, dass een tatsächlech eppes drop huet.

Och d’Gedanken, haaptsächlech déi negativ, déi engem duerch de Kapp gi soll en zouloossen. Wann een sech dozou entscheet op se ze lauschteren, kann dat schonn ee positiven Impakt op een hunn.

Lauschtert hei d'Reportage