Dir wëllt iech den Alldag mat e puer witzegen Tricke méi einfach maachen? Da sidd der hei genau richteg.

Moustique, Mécken a Matten : alles Déieren, déi einfach nëmmen nerven. Et geet ee gemittlech schlofen an dreemt eppes Schéines. An da gëtt ee waakreg an et fänkt un ze krazen an ze bäissen. Wéi et schéngt, hunn d’Moustiquen ugegraff. Wat kann een dogéint maachen? Am beschten hëlleft et, verschidde Kraider an Dëppercher op d’Fensterbriet bei der Hausdier ze stellen. Sou sollen se mol net bis an d’Haus erakommen. Nieft Peffermënz an Eukalyptus, hëlleft och de Lavendel ganz gutt.

Et huet ee mol rëm eng Kéier richteg Loscht fir sech Nuddelen ze maachen. Leider ass een an der Kichen nach méi verluer wéi am Exame fir den een net geléiert huet. Da léist dëse Life Hack een net grad wéi een Amateur ausgesinn. Wann ee gesäit, dass d’Waasser bis de Wirlpoolmodus erreecht huet, einfach ee Kachläffel op d’Dëppe leeën an et kann net méi iwwerlafen. Ganz simpel, a kann och den een oder anere beandrocken, dass een alles am Grëff huet.

Wéi kënnt dir am beschten dofir suergen, är Suen net geklaut ze kréien. Wann der déi nächste Kéier ënnerwee sidd, da maacht d’Schäiner net an de Porte-Monni. Dat ass ze vill een einfacht Zil fir d’Déiwen. Dir kënnt är Suen op eng besser Manéier sécheren. Ënnert anerem kann ee seng Suen an de Strëmp, Stiwwelen oder Schong verstoppen. Och de Soutien kann eng gutt Léisung sinn. Den ultimativen Trick ass et awer, d’Suen einfach an enger Bind ze verstoppen. Do geet bestëmmt kee kucken.

All Introvertéierte kennt d’Situatioun bestëmmt. Den Handy schellt an et ass einfach total Panik, well et och nach eng Nummer ass déi een net kennt. Do kann de Flugmodus engem entgéint kommen. Dat heescht net den Handy duerch de Raum werfen an hoffen, dass en dann ophält ze schellen, mee einfach op Flugmodus stelle wann ee gesäit, dass een Uruff ra kënnt. Den anere kritt dat da sou ugewise wéi wann een einfach net erreechbar wier. Sou wäert ni rauskommen, dass een a Wierklechkeet net wollt schwätzen.

Lauschtert hei de Reportage