No 2 Joer Paus fënnt den ING Night Marathon an der Stad nees statt. 12.000 Leefer hu sech fir déi 15. Editioun vum Marathon ugemellt.

Déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer hofft, dass déi 15. Editioun vum Ing Night Marathon e Succès gëtt. An dat direkt an engem duebele Sënn. Engersäits hofft si, dass de Marathon e sportlechen Erfolleg wäert sinn. Ma op der anerer Säit hofft si awer och, dass d'Leit Freed doru fanne wäerten nees zesummenzekommen.

Et kënnt nees zu Upassungen am Trafic

Ma esou e groussen Event bréngt natierlech och eng Partie Upassungen am Trafic mat sech. Wéi de Romain Pax vum Service de Circulation erkläert huet, wäert d'Stad am Prinzip awer och wärend dem ING Night Marathon accessibel bleiwen. Et wier d'Zil d'Stroossen esou spéit ewéi méiglech zouzemaachen a méiglechst séier nodeems de leschte Leefer laanscht ass, nees opzemaachen. De Kierchbierg ronderëm d'Luxexpo um Kierchbierg, wäert den Dag vum Marathon um 16h00 gespaart ginn. Um 17h00 wäerten dann och d'Stroossen um Lampertsbierg gespaart ginn. Dat well hei deen Ament de "Roll and Run" am Gaange wäert sinn. Duerno ginn déi eenzel Quartieren dann no an no gespaart an nees opgemaach. Déi Stater Residenten kréien dann och an den nächsten Deeg en Depliant mat sämtlechen Informatiounen iwwer d'Upassungen am Trafic an d'Boîte.

En Evenement, dee wichteg, fir d'Geschäftsleit ass a méiglechst nohalteg soll sinn

Och bei de Stater Schäffe Serge Wilmes a Simone Beissel, war d’Freed iwwert de Retour vum Marathon grouss. Wéi de Serge Wilmes erkläert, wier dësen Evenement no 2 Joer och ee wichtege Rendezvous, fir déi Stater Geschäftsleit. Um Samschdeg vum Marathon géifen nämlech eng hanz Partie potentiell Clienten an d'Stad kommen. D'Simone Beissel huet dann ënnerstrach, dass et der Stad Lëtzebuerg schonn zënter Jore wichteg wier, en nohaltegt Evenement ze organiséieren. Esou sinn zum Beispill alleguer d'Becheren déi am Kader vum Marathon benotzt ginn, recyclabel an d'Autoen an d'Bussen, déi am Kader vum Evenement agesat ginn, sinn entweder elektresch oder Hybrid.

Lauschtert hei de Reportage iwwert den ING Night Marathon!

Den Organisateur vum ING Night Marathon Erich François huet sengersäits deene Responsabele vun der Stater Gemeng, fir déi gutt Zesummenaarbecht Merci gesot. Ma well et déi éischt Editioun nom Bau vum Tram ass, huet ee misse bei der Streck eng ganz Partie Ännerunge maachen. Déi gréissten Upassungen gouf et um Kierchbierg. Hei geet et net méi iwwert den ale Kiechbierg, mee direkt op enger 3 Kilometer laanger Droite bei d'Philharmonie. Donieft geet et dëst Joer dann och laanscht de Mudam. Hei gesäit een dann iwwert déi ganz Stad, wat fir den Erich François en Highlight ass.

Ännerunge bei der Streck a beim Feld vun de Leefer

Eng weider Ännerung gëtt et da beim Rond-Point Schumann. Hei geet d’Streck elo duerch den Auto-Tunnel. De Leo Light Village ass da genee bei Kilometer 30 vum Marathon. Et war dem Erich François besonnesch wichteg, fir op dëser Plaz en Evenement ze hunn, fir d'Leefer vum Marathon ze motivéieren. Den 30. Kilometer wier nämlech e kruziale Punkt an engem Marathon. Dowéinst kann hei dann och eng Persoun, wärend engem Kilometer mat enger Fakel nieft engem Leefer matlafen. Nieft dem Leo Light Village wäert och op sëllegen anere Plaze ronderëm d'Streck fir Animatioun gesuergt ginn. Ënner anerem gi 56 sougenannte "Musek Hotspotten" installéiert.

Am Feld vun de Participante gouf et dann dëst Joer eng grouss Ännerungen. Well et bei villen afrikanesche Leefer laang Zäit Onkloerheete mam ImpfZzertifikat gouf, wäerten dëst Joer keng Top-Leefer aus Afrika un den Depart goen. Dat wier dem Erich François engersäits Schued. Ma anerersäits géif dat dofir suergen, dass déi europäesch an och déi Lëtzebuergesch Leefer d'Chance hunn, bei dëser Editioun vum Marathon eng Top-Placéierung ze erreechen.

Et kann een sech nach fir den ING Night Marathon umellen

Bis ewell sinn 12.000 Leefer fir déi 15. Editioun vum ING Night Marathon ugemellt. Den Delai fir d’Aschreiwung gouf dann och verlängert an et kann een sech nach bis den 10. Mee umellen.