Et ass déi éischt Kéier dass Cashless Payment um LOA Festival benotzt gëtt. De System ass änlech wéi op anere groussen Evenementer wéi um Tomorrowland.

Et geet drëms iwwerall op der Plaz mat engem Bracelet bezuelen ze kënnen. De Bracelet kritt een direkt an der Entrée wann ee mat sengem Ticket erakënnt. Hei kann een da Suen op dëse Bracelet setzen deen e klenge Chip huet. Et kann een dëse wärend dem ganze Festival opluede wann et néideg ass. Dowéinst ass et da méiglech alles um Festival ze bezuelen, wéi zum Beispill Iessen a Gedrénks.

Lauschtert eran!

Virun allem gouf dëse System erausgesicht well en immens praktesch ass. De Sebastian Jacqué, Organisateur vum LOA Festival erkläert dass et definitiv eng méi praktesch a méi agreabel Erfarung fir d'Visiteure wier well se net mat de Suen oder mat der Kaart musse ronderëm lafe well alles iwwer de Bracelet funktionéiert. Et ass och méi einfach fir nom Festival well déi Suen déi um Bracelet zeréckbleiwe kann ee ganz einfach um Internetsite eng Ufro maache fir dat wat um Bracelet iwwreg bleift, zeréckzekréien.

Et gëtt awer eng Limitt fir Remboursementer: vu 5 Euro un ginn d’Leit nom Festival zeréckbezuelt. Hei gouf sech dann och e Partner erausgesicht deen och esou Bracelete fir grouss Festivalle bereetstellt, esou de Sebastian Jacqué.

De LOA Festival schafft an deem Kader zesumme mat Festipay, e Cashless-Payment-Provider, deen och op groussen aneren Festivallen Cashless Payment garantéiert.

D’Detailer iwwer dëse Cashless Payment-System a wéi ee rembourséiert gëtt, ginn et um Internetsite vum LOA.