Laachen ass jo wéi ee sou schéi seet déi beschte Medezin. Dat ass och tatsächlech wëssenschaftlech beluecht.

Eng Etüd vun der Uni Jena huet elo beluecht, wat mir all warscheinlech schonn eraant hunn: Laachen ass gesond. Iwwer 30 Joer laang gouf un der sougenannter Meta-Etüd geschafft. 14 Länner hu sech dorunner bedeelegt a méi wéi 2.500 Participanten hu matgemaach. Heibäi handelt et sech em Persounen, déi ënner kierperlechen oder psychesche Gesondheetsproblemer leiden. Dës Etüd huet bestätegt, datt eng Laachtherapie ee positiven a virun allem ganz wichtegen Effekt op de Kierper hätt.

Bei dëser Form vun Therapie kann d’Laache spontan duerch Spiller oder Filmer provozéiert ginn. Et kann awer och wéi beim sougenannte Laachyoga, duerch Laach, -Otem -an Dehnungsübunge gefuerdert ginn. Et huet sech och erginn, datt dës Therapie an der Grupp nach besser funktionéiert wéi wann eleng gelaacht gëtt. Wat och nach interessant ze erwänen ass, ass datt d’Laachtherapie bei méi Jonken méi gehollef hätt. Trotzdeem soll ee sou vill Laache, wéi méiglech.

Natierlech huet d’Laachen net nëmmen eng positiv Wierkung op de Kierper wann ee gesondheetlech Problemer huet. Et hëlleft jidderengem. Et kéint ee scho bal behaapten, datt et dat bëllegst Medikament ass, wat et gëtt. Weider Etüden weise nämlech drop hin, datt glécklech Leit manner riskéieren un Alzheimer z’erkranken. Ënner anerem soll d’Laachen de Bluttdrock, den Adrenalin- a Glukosespigel erofdrécken. D’Laache kéint awer och dozou bäidroen Péng oder och Stress ze reduzéieren. Negativ Nierwewirkungen sinn net bekannt.

Verhalt iech also: egal ob ee krank ass oder net: Laachen ass ëmmer eng gutt Alternativ, fir ee gesonde Kierper a Geescht. Villäicht féiert et jo och zu engem méi gléckleche Liewen. Ze wënsche wier et ob alle Fall.

Lauschtert hei de Reportage