D’Offer vun de Schoul-Formatioune gouf viru kuerzem erweidert. Hei den Iwwerbléck iwwer déi 6 nei Angeboter.

3 verschidde Kategorië vu Formatioune ginn hei offréiert. Fir d’éischt ginn et zwee nei Angeboter am Secondaire classique. Eng nei Sektioun gëtt agefouert. Dës nennt sech N-Sektioun "Entrepreneuriat, Finance et Marketing". Aktivitéite vun Entreprisen, ënner anerem Kommunikatioun a Vente, Strategie a Management stinn am Mëttelpunkt. Dës Formatioun gëtt an der Ecole de Commerce et de Gestion ugebueden.

Lauschtert eran!

Wéi schonn am Januar ugekënnegt, kann een dann am Lycée Michel-Rodange op der A-Sektioun elo och Lëtzebuergesch als 4. Sprooch wielen, um selwechten Niveau wéi Italienesch oder Spuenesch. Duerch eng kuerz zousätzlech Formatioun kann een dann och den "Lëtzebuerger Sprooch a Kultur"-Certificat kréien a Formateur ginn.

Et ginn awer och nei professionell Formatiounen ugebueden. Den "DAP Educatioun" gëtt agefouert. Mat esou engem Diplom kann een a Strukture wéi Maisons Relaisen, Crèchen a Foyere schaffen. Dat ass eng Formatioun vun 3 Joer mat 5 Stagen. Den DAP Educatioun gëtt op verschiddene Plazen am Land ugebuede wéi zum Beispill an der Stad, zu Déifferdeng an zu Dikrech.

En aneren DAP wäert disponibel sinn dee sech "Electro-Technologies" nennt. Dës Formatioun riicht sech u Leit, déi interesséiert sinn an der Verdeelung vun der elektrescher Energie, vun der Telekommunikatioun oder vun der Automatiséierung ze schaffen. 7 Lycéeën uechter d’Land proposéieren dësen DAP.

Déi 3. Kategorie ass dann den Techniker-Diplom. Hei ginn zwou Formatioune bäigesat. Engersäits den "DT Horticole en Paysagisme". Dës Formatioun gëtt am Lycée technique zu Gilsdref ugebueden. Se riicht sech u Leit déi u Gäertnerei a gréng Espacen interesséiert sinn.

Zu gudder lescht wäert d’Hotelschoul zu Dikrech en "DT Tourismus a Kommunikatioun" an hirer Offer hunn. Déi erlaabt et den Diploméierte bei privaten Agencen an och bei ëffentlechen Institutiounen ze schaffen.