Déi gemittlech Zäit moies nach am Bett léien ze bleiwen, huet méi Konsequenzen op de Kierper wéi ee mengt.

Du schwiefs grad genësserlech duerch d’Land vun dengen Dreem, näischt kann dech méi ophale bis... bis op de Wecker dee schellt an den Dram plaze léist.

Nach méi onpassend kann dat jo lo net sinn. Do kënnt de Snooze Button engem genau richteg entgéint. Nach eng Kéier kuerz d’Aen zou maachen an hoffen dass de Wecker sech nach bëssen Zäit léist éiert en sech rëm mellt.

Prokrastinéieren, an dat scho Moies? Dat ass eng schlecht Gewunnecht déi op Dauer dem Kierper richteg schuede kann. Sou kann et da virkommen, dass et all Dag méi schwéier gëtt fir opzestoen. De natierleche Schlofrhythmus fält duerch dat permanent aschlofen a waakreg ginn aus sengem Gläichgewiicht. De Schlof deen een duerch d’Snooze Tast kritt, kann ee net wierklech als erhuelsam bezeechnen. Éischter Stress fir d’Gehier, well den «entspaanten» Schlof, no puer Minutten nees eriwwer ass.

Et gëtt awer ee ganz simpelen Trick wéi ee Moies besser opkënnt. Net sou spéit schlofe goen, dann ass een den Dag dono och net sou midd.

Natierlech ginn et och Fäll bei deenen och dat net méi hëlleft. Do kéint ee probéieren sech eng Owesroutine opzestellen, fir méi einfach ofzeschalten. Een den Owes net sou vill Stress huet, an dem Gehier seng Zäit gëtt fir den Dag ze veraarbechten, kann och besser schlofen. Also am Beschte virum Schlof ustrengende Sport a Moolzechten déi schwéier leie vermeiden.

Et kann een sech déi Gewunnecht ofgewinnen, an deems een de Wecker méi wäit wech leet, well sou ass ee gezwongen opzestoe fir en auszemaachen oder einfach sech eng App sichen, wou et keng Snooze Funktioun gëtt.

Lauschtert hei d'Reportage