D’Fro, ob et tatsächlech ausserierdescht Liewe gëtt, ass ëmstridden. Ma d’Nasa huet awer elo eng nei...speziell Method, fir d’Aliens ze kontaktéieren.

Spéitstens nom Filmklassiker E.T. si vill Leit dovun iwwerzeegt, datt de Mënsch net dat eenzegt d’Liewewiesen am Universum ass. Och d’NASA beschäftegt sech natierlech mat dëser Fro. Si hunn och elo anscheinend eng nei Taktik fonnt, d’Aliens ze kontaktéieren. Sou skurril a komesch et och schéngt, si wëllen d’Aliens unhand vu Fotoen mat plakege Fraen a Männer op d’Mënschheet opmierksam maachen. Awer keng Angscht, et handelt sech net ëm eng richteg Foto, mee just ëm eng Computerzeechnung.

Dës Fotografie gëtt natierlech net einfach sou ouni Kontext fortgeschéckt. Dat wier jo awer och onlogesch? Si ass Deel vun engem 13 Säite laange Bréif mam Numm A Beacon in the Galaxy. Am Kader vun enger Etüd sollen op deem Wee Informatiounen zu eiser Gesellschaft an der mënschlecher Spezies un déi Ausserierdesch geschéckt ginn. Natierlech kann ee sech froen, wéi dann d’Aliens eis Sprooch verstoe sollen. Majo dee Probleem gouf natierlech beduecht. De Bréif gëtt nämlech als sougenannt Bitmap an den Zentrum vun eiser Galaxie geschéckt. Mat engem Binärcode ka sou dat gepixelt Bild opgemaach ginn.

Am Bréif fënnt een och d’Koordinate vun eisem Sonnesystem. Et géif een dovun ausgoen, datt eng gescheit Zivilisatioun, déi sech mat Astrophysik auskennt, eise Standuert sou lokaliséiere kéint. Sollt et souwäit sinn, kënne mer just hoffen, datt et net zu enger Invasioun kënnt. Genuch Filmer a Serien hunn eis jo schonn do virdru gewarnt.

Ob sech dat hei als erfollegräich entpuppe wäert, ass natierlech net kloer. Bis elo ass jo awer nach ni eng Réckmeldung komm. An och wann, da gi mir dat warscheinlech souwisou net méi gewuer. Wat genau de Sënn hannert der Etüd ass, doriwwer kann een nëmme spekuléieren. Op alle Fall ass et eng aussergewéinlech Geschicht, déi een net all Dag ze héiere kritt.

Lauschtert hei de Reportage