Den Energieminister Claude Turmes geet dovun aus, dass Lëtzebuerg en Embargo op de russeschen Ueleg relativ gutt verkraafte kéint.

Déi europäesch Kommissioun huet de Memberlänner vun der EU dës Woch nei Sanktioune géint Russland virgeschloen. Dorënner ënner anerem en Embargo op de russeschen Ueleg. Ma wéi kann esou een Embargo Russland schueden, a kann ee schonn ofschätzen, wéi een Impakt den Embargo op Lëtzebuerg an op de Präis vum Bensinn a vum Diesel wäert hunn? Eldoradio huet dës Froen dem Energieminister Claude Turmes gestallt.

Den Energieminister Claude Turmes geet dann och  dovun aus, dass d’Memberlänner vun der EU sech deemnächst op en Ueleg-Embargo géint Russland eenege wäerten. Dat well d'Propose vun der Kommissioun kee radikale Stopp vum Import vum russesche Pëtrol virgesäit. Amplaz géif de Sanktiounspak virgesinn, dass iwwer déi nächst 6 bis 8 Méint kontinuéierlech manner russesche Pëtrol an d'EU importéiert gëtt, bis dann e kompletten Embargo a Kraaft getrueden ass.

Wat fir en Impakt den Embargo op de Präis op der Pompel wäert hunn, kéint een dem Minister no dann nëmme schwéier soen.  Allerdéngs géif de Fait, dass den Embargo schrëttweis a Kraaft trëtt den Impakt op de Präis schonn ofschwächen. Iwwerdeems kéint den europawäit Campagne fir Energie anzespueren dozou bäidroen, den Impakt op der Pompel ze minimiséieren. Wann déi 400 Milliounen Europäer an alleguer déi europäesch Betriber nämlech manner Energie verbrauchen, géif dat dozou féieren, dass d'Demande no Gas an Ueleg esou staark fält, dass et en Impakt op d'Präisser vun deenen zwou fossillen Energiequellen hätt.

Lauschtert hei de Reportage!

Weiderhi misst een da bedenken, dass den Undeel vum russesch Pëtrol, deen iwwer d’Raffinerien zu Rotterdam op Lëtzebuerg kënnt, scho wärend deene leschte Méint a Wochen zeréckgaange wier. Dat well déi grouss europäesch Ueleg-Konzerner sech schrëttweis aus Russland zeréckgezunn hunn.

Op der anerer Säit geet de Claude Turmes dann dovunner aus, dass den Embargo op de russeschen Ueleg de Finanzement vun der russescher Invasioun vun der Ukrain wäert hunn. Dozou misst ee wëssen, dass d'Ueleg-Exporter dee gréisste Posten am russesche Budget wieren. Wann dës Recette ewechfält, géif dat déi russesch Krichs-Maschinn sensibel treffen.

Schliisslech geet den Energieminister dovun aus, dass den Embargo op de russeschen Ueleg fir Lëtzebuerg an de Benelux-Raum relativ gutt verkraafte wier. Dat well zu Rotterdam Pëtrol aus der ganzer Welt kéint ugeliwwert ginn.