Wann een Zeckebass beemol zu enger béiser Iwwerraschung gëtt.

D’Wieder ass no laanger Zäit mol rëm richteg gutt. Wat kann een do besseres maachen, wéi an d’Natur goen. Déi eng gi mam Hond spadséieren. Anerer profitéiere mat de Frënn een entspaanten Nomëtten op enger Wiss ze verbréngen. Wieren do net ëmmer déi Zecken déi engem de ganze Spaass verdierwen. Elo hunn se hire Bass souguer op een neie Level bruecht.

Och wann déi sougenannten Einzelsternzecken ee léiwen Numm huet ass se «klein aber oho». Déi weiblech Zeck erkennt een un engem wäisse Fleck, den sech an der Mëtt vum Réck befënnt. Bei der männlecher ass dat net de Fall, dofir muss een trotzdeem ëmmer oppassen.

Huet dës Zeck den Alpha-Gal Syndrom a bäisst een, dann ass d’Warscheinlechkeet ganz grouss, dono eng Allergie op rout Fleesch ze entwéckelen. Kléngt dramatesch, ass et och. Jiddefalls fir all déi Leit deenen et am Dram ni afale géif op d’Fleesch ze verzichten.

Duerch d’Bäisse vun engem wëllen Déier hëlt d’Zeck Alpha-Gal Zocker op. Bei der nächste Kéier wou se ee Mënsch bäisst, gëtt dee Syndrom an dat mënschlecht Blutt iwwerdroen. Am Schlëmmste Fall kann d’Allergie op d’rout Fleesch Hauterkrankungen, Otemnout, Kappwéi oder Bauchwéi ausléisen.

Eist Immunsystem erkennt den Alpha-Gal Zocker, den duerch d’Zeck iwwerdroe gëtt net. Sou kéint et virkommen, dass nodeems ee rout Fleesch genësserlech consomméiert huet, dat eng zimmlech schlëmm Reaktioun am Kierper ausléise kann.

Et sinn awer glécklecherweis net all Einzelsternzecken déi dëse Syndrom an sech droen an doduerch geféierlech fir de Mënsch kënne ginn. Een dee vu sou enger Zeck gebass gouf, soll trotzdeem sou schnell wéi méiglech de Bass vun engem Dokter ënnersiche loossen.

Lauschtert hei d'Reportage