De Joé Weber aka Lionheart huet bei dësem Song Contest mat sengem Song "Respect Song" den éischte Präis gewonnen.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Musek ass scho säit Joerzéngten a Joerhonnerten en gutt Méiglechkeet sech auszedrécken an och eventuell Problemer an der Gesellschaft unzeschwätzen.

Am Hierscht 2021 huet d’A.S.B.L. respect.lu, déi Preventioun vun radikalen Tendenzen hei am Land bedreift de "Respect Song Contest" an d’Liewe geruff.

Wat ass respect.lu?

Fir hire "Respekt Song Contest" hunn sech eng ganz Rei leit gemellt, déi all ee Song geschriwwen a presentéiert hunn. Bei der grousser Final huet d’Jury sech fir de Joe Weber aka Lionheart mat sengem "Respekt Song" entscheet.

A sengem Lidd huet hien dann awer och bëssen erkläert wat fir hie Respekt heescht an dass een deen a villen anere Situatiounen och ëmmer rëm begéint.

Ëm wat geet et an der Single?

Fir de Joe war et och als Kënschtler wichteg bei dësem Contest matzemaachen, vue dass hien d’Gefill huet dass eis modern Gesellschaft eng Rei Problemer déi een och ëmmer rëm an der Musek zeréckfënnt.

Respekt an der Musek

Vue dass de Lionheart déi éischt Platz beim "Respekt Song Contest" gewonnen huet, konnt hie säi Song mat engem professionellen Team vun de Unison Studios ophuelen an och ee richteg gudde Museksvideo doraus maachen. Nei Musek wäert et awer och nach dëst Joer vum Museker ginn, vue dass hie richteg motivéiert ass.