
© pexels.com
Op engem normalen Dësch iessen oder schaffen war gëschter.
No engem laangen Dag sech doheem just nach a seng bequeem Couche leeën. Féiss héich, a sech einfach gutt goe loossen. Haaptsaach bequeem. Dobäi ass d’Bequeemlechkeet oft d’Wuerzel vun de Problemer. An anere Länner gesinn se dee Luxus awer ganz anescht.
An Okinawa ass fir d’Leit Normalitéit eppes, wat fir eis komplett onvirstellbar wier. Si verbréngen den Alldag um Buedem. Se si souguer sou wäit gaangen an hunn hir Miwwel all méi déif geluecht, fir alles aus dem sëtzen aus ze maachen. Fir déi Japaner ass et ganz normal vum Buedem aus ze schaffen oder souguer ze iessen.
Kléngt am Ufank zimmlech absurd, mee sou halen si Gesondheet ëmmer fit. Duerch d’Ustrengung vum permanenten Opstoen a Sëtzen ginn hir Been an och de Réck op eng natierlech Aart a Weis gestäerkt. Dëse Liewensstil bréngt och mat sech, dass sech d’Kierperhaltung verbessert, well et ass ee gezwongen ëmmer riicht ze sëtzen.
Wëssenschaftler hunn an enger Etüd rausfonnt, dass eng Persoun der et schwéier fält um Buedem ze sëtzen eng vill méi kuerz Liewenszäit huet. Bei sou engem Resultat, kléngt een Investment a puer nei bequeem Sëtzkësse fir de Buedem, net méi sou schlecht. Am Beschten ass et se sou rauszesichen, dass se fir all Alldagssituatioun passend sinn. Sou kann een déi als Bürosstull oder souguer als «Stull» beim Iessdësch benotzen.
Wann een da bis säi Kësse fonnt huet, ass et am Beschte fir sech puer Positiounen ze sichen. Natierlech sollen déi fir ee selwer angeneem sinn an dann tëschent deenen ofwiesselen. D’Wiessele vun der Haltung ass wichteg, sou sëtzt een ëmmer riicht a beweegt sech reegelméisseg. Soss mellt sech iergendwann de Réck, dass e wéi huet.