
© Pixabay
D'Ofschlossexame sti virun der Dier. An d'Nervositéit geet ëmmer méi an d'Luucht. Hei e puer Tipps fir sech virum groussen Dag de Kapp fräi ze maachen.
Iessen a Gedrénks
Den Dag virun engem Exame kann ee sech emol eppes Guddes gënne fir z’iessen. Net onbedéngt eppes wat engem den Dag drop nach um Mo läit mee eppes op wat ee Loscht huet an engem eng kleng Freed ka maachen. Selwer eppes kache fir op aner Gedanken ze kommen oder eppes bestelle fir sech et gutt goen ze loossen ass egal wéi keng schlecht Iddi. Och soll ee genuch Waasser drénke wat och gutt fir d’Gehier ass.
Organisatioun
Fir den Dag vum Examen net nach méi gestresst ze sinn, kann een zum Beispill scho säin Outfit virbereeden. De Rucksak mat deem néidege Material kann een och am Viraus preparéieren. Alles wat engem den Dag vum Exame selwer d’Liewe vereinfacht ass wëllkomm.
Aktivitéiten
Et soll ee sech dann den Dag virum Exame genuch Zäit fir sech loossen. Zum Beispill kann een eng Folleg vu senger Liblingsserie kucken. Musek kann och eng wichteg Roll spillen. Entweder lauschtert ee relax Musek oder einfach Songs déi een op aner Gedanke bréngt.
Am beschte soll een och an d’frësch Loft goen. E gudde Spadséiergang deet gutt fir de Kapp nees fräi ze kréien. Et kann een och e bësse Yoga maache fir d’Nervositéit ze reduzéieren.
Schlof
Natierlech ass Schlof an deem Kader immens wichteg. Mee elo mol éierlech: wann een nervös ass, ass et net ëmmer einfach anzeschlofen. An do soll ee sech einfach net ze vill ënner Drock setzen.
Mental Gesondheet
D’mental Gesondheet soll een an esou enger Period net ignoréieren. Et soll een net ze vill negativ gestëmmt sinn. Wann ee richteg opgereegt ass oder souwisou Tendenz huet mat Angschtzoustänn oder Panikattacken ze kämpfen, soll ee sech Hëllef sichen oder mat enger vertrauensvoller Persoun schwätzen. Relaxatiouns- an Otemübunge kënnen hei och hëllefen.
Virun allem soll ee mam Léiere selwer ofschléissen an dat maache wat een instinktiv fir richteg hält.
An deem Sënn...Vill Gléck!