Wéi eng Filmer si beim Public net sou gutt ukomm, wéi eng sinn di gréisste Flopps? Mir hunn e puer Beispiller!

Schlecht Filmer kënnen dat Schlëmmsten op engem Date sinn oder een Albdram fir ee Filmliebhaber. Si kënnen awer och déi beschten dommsten Iddi sinn, wann ee mat Frënn ee Filmowend mécht a sech einfach just gutt amuséiere wëll. Deemno wéi kann een souguer een Drénkspill draus maachen.

Hei e puer Beispiller:

Die Party Animals sind zurück

Dëse Film huet un eppes net gespuert, an dat sinn d’Clichéen déi Hollywood ze bidden huet. Et fänkt domat un, dass Paris Hilton an der Haaptroll ass, an där hatt d’Präsidentin vun enger Studenteverbindung spillt. Da kënnt och nach dobäi, dass an deem Film alles dem typeschen amerikaneschen Schéinheetsideal entsprécht.

Die Maske 2

Nom groussen Erfolleg vum éischte Film, misst natierlech och een Zweeten rauskommen. Deen huet awer leider enorm gefloppt. De Regisseur Guterman huet et ze vill gutt gemengt an probéiert nach een drop ze setzen. Dat war den Zuschauer dann awer ze vill. Weder d’Dialogen nach den Humor maachen dëse Film zu engem zweeten Blockbuster.

Cats

Een dee Cats als Musical gesinn huet, war ganz sécher komplett enttäuscht vun der Verfilmung vun dësem Musical. Obwuel de Cast mam Jennifer Hudson, Judi Dench an dem Taylor Swift villverspriechend ass, huet dat awer net dozou bäigedroen, dass et zu engem Erfolleg ginn ass. Et ass éischter eng Änlechkeet mat engem Horrorfilm do, well d’Schauspiller gesinn aus wéi immens schlecht animéierte Kazen. Se maachen engem éischter Angscht.

Liebe mit Risiko – Gigli

Dat eenzegt Positivt wat dëse Film mat sech bruecht huet ass, dass d’Jennifer Lopez an de Ben Affleck sech fonnt hunn. Dobäi ass guer keng Chimie tëschent deenen zwee am Film ze gesinn. Si hu souguer eng Gëllen Hammbier kritt. Niewent der schlechter Schauspillerei, waren Dialogen och net immens eriwwer bruecht, fir dass d’Handlung nach iergendwéi interessant kéint sinn.

Lauschtert hei d'Reportage