
© Pexels.com
Eng rezent Petitioun fuerdert e Fëmmverbuet hannert dem Steierrad. Dës kann een elo ënnerschreiwen.
D'Zil vun der Petitioun ass et den Autosfuerer d'Fëmme wärend dem Fueren aus Sécherheetsgrënn ze verbidden.
Nieft enger erhéichter Brandgefor déi duerch d'Fale loosse vun den Zigaretten entsteet, ass d'Gefor nämlech och méi héich dass Accidenter geschéien.
Mir hunn d'Leit op der Strooss gefrot, wat si vun esou engem Verbuet halen:
Lauschtert hei!