Viru kuerzem huet d’Petitioun 2309 schonn déi néideg Ënnerschrëfte kritt fir ëffentlech an der Chamber debattéiert ze ginn.

D’Petitionärin fuerdert Remboursementer vun de Facturë vun de Seancë beim Psycholog. Parallel dozou verhandelen d’Psychotherapeute scho jorelaang mat der Gesondheetskeess fir dass d’Facturë rembourséiert ginn. Mir hu bei der Lëtzebuerger Federatioun vu Psychotherapeuten (FAPSYLUX) nogefrot wou d’Verhandlungen dru sinn a wat hir Reaktioun op dës Petitioun ass.

Lauschtert eran!

Et wier schonn opgefall dass d’Leit an der Lescht ëmmer méi no Remboursementer fir Therapië froen. Obwuel d’Petitioun sech méi allgemeng op Psycholog-Facturë bezitt, muss een awer ënnersträichen dass d’FAPSYLUX spezifesch fir d’Psychotherapeute verhandelt. Dat ass och dat wat am Gesetz vun 2015 festgesat gouf. Et wier immens wichteg ze verstoen dass de Mënsch als Ganzt betruecht soll ginn, esouwuel dat Physescht mee natierlech och dat Psychescht.

Wéi d’Delphine Prüm, Presidentin vun der FAPSYLUX gesot huet, ass ee sécherlech averstane mat dëser Petitioun well Therapië fir d’mental Gesondheet sollen accessibel si fir jiddereen a dowéinst och rembourséiert ginn. Wou sinn d’Verhandlunge mat der CNS dann elo drun? D’Delphine Prüm erkläert dass d'Federatioun amgaangen ass iwwer Tariffer ze verhandelen. Et wier elo un der CNS z'entscheeden ob si hiren Assuréeën déi Qualitéit vu Soinen déi d'Psychotherapeuten ubidde wëlle rembourséieren.

Bei enger ganzer Rei Punkte wier ee sech also méi no komm. Vill anerer mussen nach beschwat ginn, virun allem den Tarif vun de Psychotherapeuten. D’Delphine Prüm kéint awer keng Prognose maache wéini d’Gesetz a Kraaft kéint trieden. D'Verhandlungspartner musse sech fir d'éischt eens ginn an da gëtt et nach eng legal Prozedur. D'Delphine Prüm denkt dass wann d'Politiker interesséiert sinn, kann dat awer séier geschéien.

D’Psychotherapeutin war och iwwerrascht iwwer d’Ausso vum Minister fir sozial Sécherheet Claude Haagen dee géintiwwer verschiddene Medie gesot hätt dass den Tarif, dee vun der Federatioun gefrot gëtt, ze héich am Verglach zum Ausland wier. Op Nofro hin wollt de Minister Claude Haagen sech zu dësem Zäitpunkt nach net iwwer dëse Sujet äusseren.