Déi 14. Editioun versammelt iwwer 3000 Participanten aus 23 europäesche Länner fir iwwer 400 Concerten zu Lëtzebuerg.

Ee Weekend, méi wéi 3000 Participanten aus 23 europäesche Länner an iwwer 400 Concerten, dat ass den "European Youth Music Festival", deen dëst Joer ënnert dem Numm Remix22 steet. Hei treffe sech jonk Museker aus iwwer 23 europäesche Länner fir 3 Deeg laang gemeinsam ze musizéieren an opzetrieden. De musekaleschen Echange ass awer just ee vun den Ziler vun der AEM, dem lëtzebuergesche Verband vun de Museksschoulen, déi dëse Festival organiséiert. Ennert dem Patronage vun der EMU, der "European Music School Union", geet et hei och ëm de kulturellen a sozialen Austausch, déi déi europäescht Zesummegehéieregkeet ënnert de jonke Museker*Inne stäere soll.

Déi gemeinsam Sproch vun der Musek, dem Danz an dem Theater ass et déi ronn dausend Schüler aus dem Enseignement Musical vu Lëtzebuerg iwwer 2000 Participanten aus de verschiddenste Länner aus Europa verbënnt. Aus den 23 Memberlänner vun der EMU wäert dann och de Gros vertruede sinn an déi fannen hire Wee dann alleguer de 26. Mee an d'Rockhal op d'Opening Zeremonie, vu wou un den europäesche Museksfestival lass geet.

"Freides si Concerten am ganze Land, dat muss ee sech esou virstellen, dass iwwerall do wou en Enseignement Musical statt fënnt, wou eng Museksschoul ass, wou e Conservatoire ass, dass do Concerte statt fannen." ~ Bob Morhard

An deenen 3 Deeg sinn insgesamt iwwer 400 Concerten an der Groussregioun, verdeelt op 50 Locations. An net just déi jonk Participanten oder Membere vu Museksschoule sinn hei wëllkomm, jidderee kann d'Manifestatioune besichen, dat souguer gratis!

Lauschtert iech hei den Interview mam Bob Morhard

Virun allem de leschten Owend wäert eng méi lass si wann alleguer déi jonk Museker op méi wéi 30 Bünen um Fond de Gras wäerte present si fir de Festival ze clôturéieren. Hei fannt dir nach méi Infoen zum Remix22.