“Ask For Angela” ass eng Campagne déi 2016 an England kreéiert gouf. Dës gëtt vu Baren benotzt fir Leit viru sexueller Belästegung ze schützen.

Hei benotzt een dann e spezifescht Codewuert wann een a Gefor ass oder wann et engem onangeneem ass. Wann een zum Beispill an enger Bar ass a sech onwuel fillt da kann ee beim Personal nom Angela froen, also "Ask for Angela". D’Personal muss da Bescheed wëssen a muss sech drëms këmmeren dass d’Persoun sech nees a Sécherheet fillt. Meeschtens hunn d’Baren an Diskoen e Poster op den Toilettendiere wou dann déi néideg Informatiounen dropstinn.

Lauschtert eran!

Nom Mord vun der Brittin Sarah Everard zu London am Mäerz 2021 wéi hatt heem getrëppelt war, war d’Thema vun der Sécherheet vun de Fraen nees extrem aktuell. No villen Demonstratiounen an England huet d’Police decidéiert den "Ask for Angela"-System an der Haaptstad z’erweideren. Dës Initiativ gouf awer och an anere Länner iwwerholl wéi zum Beispill an Australien an an den USA. Do gouf eng weider Initiativ op d’Been gestallt déi mat Cocktailen ze dinn huet. De Prinzip ass änlech. Mee aplaz nom Angela ze froe kann een e spezifescht Gedrénks bestellen.

A verschiddene Bare gëtt den Numm "Angel Shot" benotzt. Wann een den Drink puer bestellt, begleet en Employé vun der Bar ee bei säin Auto. Wann d’Gedrénks gemëscht ass da rifft d’Personal en Taxi fir de Client. Wann een d’Gedrénks mat Zitroun bestellt, da rifft d’Personal d’Police. Dat ass awer keng Initiativ déi automatesch an iwwerall benotzt gëtt. Vill Leit wëssen zum Beispill net Bescheed dass et déi gëtt. A verschidden Etablissementer huelen dat ganzt net esou eescht.

Eng änlech Initiativ gëtt et och am Fussball. Am Stadion vu Borussia Dortmund kann een d'Codewuert "Panama" benotze wann ee sech onwuel fillt. Zu Lëtzebuerg gëtt et esou eng Initiativ awer nach net vun der Säit vun den Autoritéiten an Associatiounen.