
© pexels.com
De Virus, deen d'Afepouken ausléist, kann iwwer Wonnen, d’Otemweeër, d’Aen, d’Nues oder de Mond an de Kierper kommen.
Bei den Afepouken handelt et sech, der WHO no, ëm eng sougenannte viral Zoonos. Also ëm eng Krankheet, déi entstanen ass, well ë Virus vun engem Déier op de Mënsch iwwergaangen ass. De Virus, deen d’Krankheet ausléist, gouf déi éischte Kéier am Joer 1958 an engem dänesche Labo bei engem Af nogewisen. Dohier och den Numm Afepouken. Deen éischte Fall, bei engem Mënsch, gouf 1970 am Kongo detektéiert.
D’Infizéierung mat den Afepouke geschitt duerch d’Tröpfcheninfektioun. Deemno kann een sech mat der Krankheet ustiechen, wann ee längeren, enken, kierperleche Kontakt mat enger infizéierter Persoun huet. De Virus kann iwwer Wonnen, d’Otemweeër, d’Aen, d’Nues oder de Mond an de Kierper kommen.
D’Iwwerdroung vum Déier op de Mënsch passéiert an der Reegel, wann ee gebass oder gekraazt gëtt. Dobäi deiten nei Erkenntnisser dorops hin, dass de Virus virun allem an Nagedéieren an net an Afe virkënnt. D’Inkubatiounszäit vum Virus läit an der Reegel bei 6 bis 21 Deeg.
D’Symptomer vun den Afepouke sinn änlech, ewéi bei deenen normale Pouken. An der Reegel sinn se awer manner schlëmm. Dozou ziele Kappwéi, plëtzleche Féiwer, geschwolle Lymphdrüsen, Péng an de Muskelen an am Réck a Middegkeet.
Allerdéngs, ginn et 2 verschidde Variante vun den Afepouken: Eng westafrikanesch an eng, déi aus dem Baseng vum Kongo kënnt. Déi westafrikanesch Variant ass an der Reegel manner schlëmm. Dës ass an 3,6 Prozent vun de Fäll déidlech. Bei der Variant aus dem Baseng vum Kongo, ass dat bei ronn 10 Prozent vun den Infektiounen de Fall.
Bis ewell, ass jiddereen, vun de Fäll, déi zënter dem 13. Mee an der EU, an den USA an a Kanada nogewise goufen, op déi westafrikanesch Variant vum Virus zeréckzeféieren.
E Medikament, fir d’Krankheet ze heelen, gëtt et net. An der Reegel ass et awer sou, dass d’Symptomer no 2 bis 4 Woche vum selwen ophalen. Iwwerdeems bitt d’Impfung fir déi normal Pouken ee gewëssene Schutz virun enger Infektioun.