Wéi kann een d’Pleséier vum Grillen an d’Schütze vun der Ëmwelt matenee verbannen?

Dobausse gëtt et ëmmer méi waarm. Deeg ginn ëmmer méi laang. A wat duerf bei engem perfekte Summerdag net feelen. De Grill. Et ass déi Zäit déi een duerch d’Brutzelen an dem Doft vum Gegrills mat der Nues an der Luucht ronderëm lafe léist. Ob een de Covid hat oder net, spéitstens an der Grillsaison weess een, dass all déi fënnef Sënner nach funktionéieren.

Mat engem kale Béier an der Hand, eng Aussicht op de Séi a genau déi richteg Atmosphär bréngen de Bauch mol gären zum grommelen. Da lauert den «Heißhunger» op eppes Gegrilltes dach scho praktesch ëm den Eck. Et ass awer besser wann dann ee säi Grill mat bréngt, wéi een deen een no eng Kéier benotze wech werft. Et schmaacht net nëmme besser vum Richtegen, mee et ass och manner schiedlech. Bei dem anere läit d’Kuel vill ze no um Iessen an ass dofir vill méi kriibserreegend.

Dem no wat ee grillt ass d’Geschier net grad ganz onwichteg. Telleren aus Kartrong oder Besteck aus Holz sinn do och net onbedéngt vu Virdeel. Dat eenzegt wat déi maachen, ass Dreckskëscht vum Park zum iwwerlafen ze bréngen. Hei kéint ee Geschier benotzen, dat een dono spulle kann. Et muss een awer lo net extra d’Sonndesgeschier apaken.

Fir de Grill unzekréie muss ee lo net onbedéngt d’Kuel huelen, déi ee méi wäiten Trajet gemaach huet wéi ee selwer, fir bei de Séi ze kommen. Déi meeschte Grillkuel ass Tropenholz dat aus Südamerika an Afrika kënnt. Déi ofgeholze Bëscher si leider immens wichteg fir d’Klima. Dofir ass et gutt, dass ee beim Kaf vun de Kuelen oppasst vu wou se kommen. A natierlech och ob se nohalteg sinn.

Wa bis déi leschte Grimmel am Mond verschwonnen ass, heescht et iergendwann raumen. Do muss een net grad der ganzer Welt weisen, dass een déi Plaz mat sengem Dreck markéiert huet. Et geet och ouni. Dat selwecht gëllt fir de Grill propper ze maachen. Och wann et eng lästeg Aarbecht ass, muss een domat net och nach der Ëmwelt schueden. De chemesche Geroch ass net nëmme fir eis Nues onangeneem, mee och fir d’Natur.