De Festival wäert gréisstendeels am Parc vum Gaalgebierg stattfannen. E puer Concerten sinn awer och an der KuFa, dem Escher Theater an an der Arche (F)!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

D’Francofolies sinn aus der Loscht enstanen fir de Multiculturalisme hei zu Lëtzebuerg ze feieren an déi enorm divers franséisch-sproocheg Kultur an Zeen ze setzen. Am Fokus steet natierlech déi musikalesch Programmatioun, mat internationalen Highlights ewéi Sofiane Pamart, Clara Luciani oder Damso. Mat Scarred, Francis of Delirium, Bartleby Delicate oder Maz stinn awer och bekannte lëtzebuerger Acts um Line-Up.

Den Direkter vun de Francofolies Loïc Clairet am Eldo-Interview iwwert déi lëtzebuergesch Musekszeen:

RTL

© Les Francofolies Esch/Alzette

Mat der Main Stage op der Plaz virum Pavillon, der Second Stage matzen am Gréngen a ville Plazen fir ze picknicken ronderëm d’Cascade kann een d’Deeg vum Festival erëm déi ganz Natur am Park vum Escher Gaalgebierg genéissen. Donieft kann ee wärend de Francofolies awer och Musek an der Arche zu Villerupt a Frankräich, an der KuFa an am Theater erliewen. Et wier eng gutt Geleeënheet gewiescht, fir d’Escher Kulturzeen erëm zesummenzebréngen an och eppes fir d’Stad am Ganzen ze maachen, esou de Loïc Clairet.

RTL

Francofolies 2021 / © Les Francofolies Esch/Alzette

«C’est vraiment un travail commun. Ce sont des propositions qui viennent de nous et qui viennent d’eux et puis on le fait ensemble. On a, dans cette dimension de partenaires, une ouverture et une réponse aussi aux ambitions de la ville. On profite par le festival d’expérimenter, de tester, de se rencontrer et de faire du commun. C’est-à-dire qu’on ammène la ville dans le rythme des francofolies pendant un weekend!» (Loïc Clairet, Direkter Francofolies)

Mat engem Concert vum Paräisser Kënschtler Aldebert an der Arche feieren d’Francofolies mëttwochs den 8. Juni den Optakt. Deen Dag stinn owes och nach Concerten vu Brutus oder Alcest an der KuFa um Programm.

De Loïc Clairet iwwert seng perséinlech Highlights!