Verschidde Liewensmëttele kann ee ganz laang halen. An trotzdeem stinn Oflafdatumer op hirer Verpackung. Mir hunn eis ugekuckt firwat dat de Fall ass.

Natierlech gëtt et bei dësen Datumer scho mol e wichtegen Ënnerscheed. Beim Mindesthalbarkeetsdatum handelt et sech ëm eng Recommandatioun: d’Liewensmëttele kënnen duerno nach consomméiert ginn. Beim Verbrauchsdatum handelt et sech tatsächlech ëm de leschten Dag op deem de Produit consomméiert dierf ginn.

Lauschtert eran!

E gutt Beispill ass hei Salz. D’Salz selwer stellt dacks kee Probleem duer mee éischter d’Zousätz déi dobäi gesat gi fir dass d’Salz net kompakt gëtt. Donieft soll ee Salz net einfach oppen do stoe loosse well wa Loft a Fiichtegkeet erakommen, kann et zu schlechtem Geroch kommen.

Komme mir bei dréchenem Räis. Dacks huet dee Produit e Mindesthalbarkeetsdatum. Mee Räis ka méi laang consomméiert ginn. Dat eenzegt wat eng Gefor kann duerstellen ass wann e Probleem mam Pak ass: huet dësen e Lach oder ass e naass ginn, ka Schimmel an de Räis kommen. Dat selwecht gëllt fir Miel. Hei soll een da richen ob et nach gutt ass fir ze consomméieren.

Natierlech hunn och vill Plastiksfläschen en Oflafdatum, obwuel Waasser selwer net ofleeft. An dat huet éischter eppes mam Plastik ze dinn. Mat der Zäit kënne verschidde chemesch Substanzen an d’Waasser auslafe wat net onbedéngt ganz gesond ass. De Goût kann änneren: obwuel d’Gefor net immens grouss ass fir d’Gesondheet soll een dat léiwer evitéieren.

Bei de Gewierzer gëtt et och keng grouss Gefor: et ass éischter esou dass si hire Goût an hir Faarf verléieren. Bei den dréchenen Nuddelen ass d’Fauschtreegel: wa se komesch richen an net déi normal Faarf hunn, dann ass Zäit se ewechzegeheien, soss kann ee se weider consomméieren.