Déi onendlech Welt vun de Chips: Vu Salz bis hin zu de méi extravagante Goûten, et gëtt vun allem! All Virléift kënnt dann och mat enger Eegenschaft...

Passend zu all den ënnerschiddlech Zorten, ginn et natierlech och déi néideg Chipsiesser, an deenen hir Virléifte sinn net ganz onwichteg. All Chipszort seet nämlech och eppes iwwert säi Liibhaber aus, egal ob Salzchip oder geriffelte Sour Cream and Onion,

Salzchips 

Basic, ganz nom Motto: Geet ëmmer mee muss ni, wëll de Salzchips-Iesser keng grouss Entscheedungen treffen, mee verléisst sech léiwer op dat wat e scho kennt. All Mënsch ka se iessen, mat méi oder manner groussem Genoss, a soumat dierfen dës Chips och op kenger Party feelen, och wann se net onbedéngt opfalen. An ier sech elo een denkt: “Dat passt net zu mir well Salz, ok, mee se mussen awer wéinstens geriffelt sinn”. Dozou soe mir just: och e geriffelte Salzchips-Fan passt an dat Schema! Villäicht gëtt et fir dës Persounen einfach mol Zäit déi villfälteg Welt vun de Chips ze entdecken, d’Salzchipsen lafe jo net fort an am schlëmmste Fall kann ee jo och erëm op den Alltime-Favourite zréck gräifen.

Paprikachips 

De Basic in Cognito. E bësse wéi och bei de Salzchips, wëssen d’Paprika-Libhaber wat den 2t sécherste Choix am Regal ass ier owes d’Gäscht kommen. Fir awer net ganz enttarnt ze ginn, ass de Wëllen definitiv do fir iwwert de Standardchoix erauszewuessen an och mol eppes Neies ze probéieren. Nach geléngt et dem Paprika-Fan, egal ob geriffelt oder net, awer nach net sech komplett goen ze loossen an de Sprong an d’Ongewessheeet ze woen. Alt wéinstens huet e sech scho mol vun de Salzchips fort getraut.

Geméischips

Wëllen Extravagant sinn. De Versuch net nëmme méi gesond ze sinn, mee gläichzäiteg och méi speziell a villfälteg eriwwer ze komme steet hei am Fokus. Sief d’Fro ob méi gesond oder net elo mol Niewesaach, gëtt et déi dacks faarwefrou Gemeischips an ënnerschiddleche Formen a mat enger Rëtsch u Goûten. Hei ass vu bis alles vertrueden, an d’Chips deelen eng Gemeinsamkeet mat hirem Client: Sech wëlle vun de Gromperen ofzesetzen an op seng eegen Aart a Weis ervirzehiewen.

Ungaresche Paprika, Gebrodene Poulet & Co.

Déi Speziell a Spezifesch. Déi Leit, déi Paprika wëllen, awer net nëmme Paprika mee ungaresch Paprika, si genee déi nämmlecht wéi déi Persounen, déi zwar gären Neies ausprobeieren an awer béi all Bestellung eppes mussen upassen oder änneren. Engersäits gëtt sech heimat natierlech vun der Mass ofgehuewen, anerersäits besteet natierlech duerch spezifesch Wënsch och ëmmer de Risiko déi kleng a méi simpel Saachen am Liewen ze iwwersinn. Villäicht gëtt et Zäit tëschent der ungarescher Paprika, och mol en Schrëtt zréck op déi normal ze maachen?

Sour Cream and Onion, Sea Salt and Pepper, an an an

Eppes geet net duer. D’Kombineierer wëllen ëmmer datt Bescht vun alle Welten, a gi sech mam Minimum definitiv net zefridden. Net nëmme bei de Chips, mee och soss falen Entweder-Oder Entscheedunge schwéier an am léifste gëtt dofir einfach kombinéiert. Oft ass et och egal ob et ob den éischte Bléck passt oder net, well wann een et nach net probéiert huet, kann een et natierlech och net wëssen. De Chipsrayon ass hir Spillplaz an d’Goûte sinn onendlech.

An deem Sënn: Loosst iech är Chips schmaachen!

Lauschtert eran