8 Schüler aus dem LML hu sech mat Kënschtler aus Lëtzebuerg zesumme gesat fir Tote Bags ze designen.

Et gesäit ee se mëttlerweil iwwerall, egal ob als Tut fir akafen ze goen, als Rucksak-Ersatz fir an d’Schoul oder als Posch an der Fräizäit: D’Tote Bags sinn net just praktesch mee leien och voll am Trend. Ma genee dëst Potential hunn 8 Schüler aus dem Lycée Michel Lucius gesinn an doraus hir Mini-Entreprise "Bag It" kreéiert.

Zesumme mat der Fondatioun Kräizbierg ginn hei Jutebeutel mat Designs vu lokale Kënschtler bedréckt an duerno verkaaft.

Ee Mol geet et hei ëm den ekologeschen Aspekt, dass Leit manner Plastikstute benotzen, an dann natierlech dee vun der lokaler Konscht. Heivir hunn d’Schüler engersäits mat Kënschtler zesumme geschafft, déi se scho perséinlech kannt hunn, fir méi Vilfalt hu se awer och op Instagram no Kënschtler gesicht mat deene se zesumme schaffe wollten, Haaptsaach lokal.

Lauschtert hei den Interview

A fir de Kënschtler hir kreativ Fräiheet ze loosse gouf och kee Kader gesat. Mëttlerweil zielt d’Mini Entreprise iwwer 20 Designs aus deenen een auswiele kann.