Déi Meescht hu bestëmmt schonn emol vun «Greenwashing» oder «Whitewashing » héieren, mee am Pride Mount steet virun allem den « Pinkwashing » am Fokus.

De Begrëff «Pinkwashing» gëtt vun ënnert anerem « Whitewashing » ofgeleet, an huet och eng änlech Bedeitung: nämlech sech no bausse fir eppes anzesetzen, ouni déi Valeure wierklech ze vertriede mee just fir sech gutt duerzestellen. « Pinkwashing » bedeit esou vill wéi virgi LGBTQIA+ ze ënnerstëtzen an dat och fläisseg no baussen ze weisen, allerdéngs just fir eegen Zwecker. Virun allem am Pride Mount notze vill Firmen dëst als Marketing Strategie a maachen zum Beispill déi symbolesch Reeboufändele op hir Produiten ouni wëllen iwwer d’Thematik ze informéieren oder sech dofir anzesetzen. Domat wierken si no bausse wéi wa si dës Communautéit ënnerstëtzen a sech domat identifizéieren, och wann dat a Wierklechkeet net de Fall ass.

De Begrëff «Pinkwashing » ass viru Jorzéngten an den USA entstane wéi ënnerschiddlech Entreprisen hir Produite mat enger rosa Schläif dekoréiert hunn. Dëst symbolesch fir ze weisen, datt si sech géint Broschtkriibs asetzen. De Problem dobäi: D’Produite goufe verdächtegt Kriibs unzereegen. Zanterhir ass den Internet als weider Plattform dobäi komm. Engersäits gutt fir méi Visibilitéit, anerersäits gëtt awer och do d’LGBTQIA+ Communautéit oft just als Virwand fir eng weider Marketing Campagne genotzt, respektiv no engem weidere Grond gesicht fir méi Gewënn an ze bréngen.

Fir sech virun «Pinkwashing» ze schütze gëllt et opzepasse wéi eng Entreprisen oder Mënschen dat ganzt Joer iwwer d’Diversitéit ënnerstëtzen, an net just wann si selwer dovunner profitéiere kënnen! E Bléck hannert d’Kulisse muss sinn, well eleng e Reebousymbol iergendwou posten oder drop peche geet scho laang net méi duer.

Ënnert de ville Leit déi sech awer just scheinbar fir d’LGBTQIA+ staark maachen, ginn et der och vill, déi wierklech en Ënnerscheet maache wëllen an sech dowéinst mam faarwefroue Reebou fir méi Toleranz an Diversitéit asëtzen !

Lauschtert eran