Manifesting, also manifestéieren, ass eng Praxis déi an der lescht extrem beléift gouf mee am Fong scho relativ laang existéiert. Mee wat bedeit dat genee?

Ganz einfach erkläert heescht dat dass eng Iddi an eng Realitéit verwandelt gëtt. Et ass de Glawen dass een seng Zukunft ka kontrolléieren andeems ee positiv Aussoen a Gedanken notzt. Den Haaptpunkt ass effektiv d’Wichtegkeet vun de positive Behaaptungen. Et handelt sech ëm kuerz Sätz déi ee ganz dacks widderhëlt fir domadder eppes ze bewierken a Motivatioun ze kréien. Et geet drëms sech selwer z’iwwerzeegen.

Lauschtert eran!

Wat mécht een da ganz konkret? Verschidde Leit maache sougenannt Vision Boards. Dat si Plakater déi solle visualiséiere wat een erreeche wëll. Anerer hunn dann eng Aart Tagebuch an deem si spezifesch Ziler an Aktiounen all Dag draschreiwen.

Dacks ass et eng Mëschung tëscht enger wëssenschaftlecher a spiritueller Praxis. Et gëtt nämlech net en eendeitege wëssenschaftleche Beweis dass Manifestéiere wierklech funktionéiert. Et soll een also gutt oppassen a sech vläicht och net ze vill Hoffnunge maachen. E Probleem mam Manifestéieren ass nämlech och dass déi Leit ignoréiert ginn déi mental Krankheeten hunn, déi et fir si onméiglech maachen esou z’iwwerleeën.

Wat d’Wëssenschaft duerchaus an deem Kontext erausfonnt huet ass dass wann ee wierklech dru gleeft dass een eppes erreeche kann, dann ass ee bereet déi néideg Efforten z’investéiere fir dat dann och hinzekréien. Dat ass och am Fong den zentrale Punkt vun der Praxis: et muss een dofir schaffen. Manifestéiere kann och vläicht zu engem méi rouege Mindset féieren deen et erméiglecht seng Ziler z’erreechen.