Huet e Lëtzebuerger Kënschtler bei der Biennale zu Stroossen e Plagiat agereecht?

E jonke Lëtzebuerger Kënschtler steet am Verdacht, bei enger Konschtausstellung e Plagiat agereecht ze hunn. Eng Fotografin aus den USA huet en entspriechende Virworf géint de Mann erhuewen.

Wat war passéiert?

Den 20. Mee, vun dësem Joer, war déi 11. Editioun vun der Biennale vu Stroossen ugaangen. E Bild, dat vum jonke Lëtzebuerger Kënschtler Jeff Dieschburg, fir d'Ausstellung agereecht gouf, krut hei e Präis, dee mat 1.500 € dotéiert war. Ma e Mëttwoch hat déi amerikanesch Fotografin Jiangha Zhang dem Kënschtler op de soziale Medie reprochéiert, dass hien, fir dëst Bild eng vun hire Fotoe plagiéiert hätt.

Wéi aus de Kommentaren ënnert engem Tweet vun der Fotografin ervirgeet, wier dee jonke Kënschtler net der Meenung, dass hien e Plagiat begaangen hätt. Hie géif sech op säi Recht, fir d'Wierk vun engem anere Kënschtler ze zitéieren, beruffen.

Wéi am Essentiel ze liesen ass, hätt de Lëtzebuerger Kënschtler an dëser Affär ausserdeem de Gaston Vogel als Affekot ageschalt.

Mëttlerweil huet sech dann och schonn eng aner Kënschtlerin zu Wuert gemellt. De Jeff Dieschbourg hätt bei e puer Occasiounen hier Biller plagiéiert.

Wéi geet et weider?

Wéi et elo an dëser Affär weidergeet ass den Ament nach net gewosst. De Jury vun der Biennale huet sech e Freideg an engem Communiqué zu Wuert gemellt. Et hätt een decidéiert, en Expert ze consultéieren. Bis dësem säin Urteel virläit, wëll de Jury sech net méi äusseren.